Kommunioun zu Maacher"Et sinn eng ganz Rei, déi och wierklech aus Iwwerzeegung kommen"

Monique Kater
Et ass een vun de wichtegste Rendez-vouse fir jonk Katholicken. Déi traditionell Kommunioun ronderëm Ouschteren. D'Monique Kater war an enge vun de gréisste Poren am Land kucken, wou den Dechen e Sonndeg déi lescht vu fënnef Kommunioune fir dëst Joer zelebréiert huet.
Kommunioun: "Et sinn eng ganz Rei, déi och wierklech aus Iwwerzeegung kommen"
Et ass een vun de wichtegste Rendez-vouse fir jonk Katholicken. Déi traditionell Kommunioun ronderëm Ouschteren.

Jo, et maachen nach d'Kanner d'Kommioun, an dat obschonns dee klassesche Reliounsunterrecht mat der Trennung vu Kierch a Staat aus der Primärschoul verschwonnen ass. Eleng zu Maacher waren et e Sonndeg nonzéng Kanner, déi schéin erausgefiizt beim Buer op d'Musek gewaart hunn an du mam Dechen am Cortège an d'Maacher Kierch getrëppelt sinn. Eng Multikulti-Pressessioun - e Bild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft vun haut.

Déi, déi d'Kommioun maachen, maachen dat mat enger ganzer Famill am Réck a mat der Ënnerstëtzung vu Geschwëster, déi scho virun hinnen um Tour waren.

"Et sinn eng ganz Rei, déi wierklech dat ganz authentesch maachen, déi och wierklech aus Iwwerzeegung kommen. Bon, et si sécher och deen oder aneren dobäi, déi nach Kommioun maachen, well et eeben ëmmer esou Traditioun war. Awer, datt se alleguerten einfach sou kommen, well et eebe jidderee muss kommen, dat ass eriwwer. Dat mierkt een, déi, déi kommen, komme fräiwëlleg an d'Kanner sinn eigentlech frou. Mir hunn d'Katechees deelweis bei eis am Kaplounshaus, wou ech mäi Büro hunn, also wa mëttes do Katechees ass, dann ass Liewen am Haus, dat héiert een, an d'Kanner laachen, si frou, si sprangen, ech denken, dat ass jo awer da flott", esou de Claude Bache, Deche vun der Por Musel a Syr Saint-Jacques.

Well et kee Kommiounsunterrecht an der Schoul méi gëtt, kommen d'Kanner dräi Joer laang niewent der Schoul an d'Katechees, dofir och den Altersënnerscheed. Hautdesdaags gëtt de Kanner och eng méi kandgerecht Approche zu Gott gebueden, mee si ginn och mat an d'Oktav.

"Si gi mat an d'Oktav, wa mir eise Pilgerdag hunn, dat ass de leschte Samschdeg, mee hënt waren och e ganze Grupp vu 50 Firmlingen, déi waren och. Ech weess net, wéi vill do genee mat waren, awer e groussen Deel vun deene waren hënt mat ze Fouss an d'Kathedral mat eiser Katechetin, déi si begleet huet, déi dann de Moien um Pelet des Jeunes dobäi waren."

D'Kommioun zu Maacher war fir d'Por déi leschte Kommioun fir dëst Joer. Mat 61 Kanner manner wéi an der Zäit, mee mat vläicht méi Éierlechkeet, wat de Glawen ugeet.

Back to Top
CIM LOGO