
De King Charles an den Donald Trump hu bei engem Staatsiessen am Wäissen Haus déi laangjäreg Bezéiunge tëscht Groussbritannien an den USA gelueft – dat trotz Aussoe vum US-President, de Monarch géif seng Positioun zur iranescher Atompolitik deelen. Bei engem festleche Menu huet den Charles un den Toun vu senger Ried virum Kongress ugeknäppt an dozou opgeruff, datt London a Washington zesummestoe sollen.
Tensiounen am Zesummenhang mam Konflikt tëscht den USA an Israel op der enger Säit an Teheran op där anerer Säit huet hien dobäi net direkt ugeschwat.
An enger Usprooch huet den Trump awer d'Thema opgegraff a gesot: "Mir hu géint dëse Feind militäresch gewonnen." Dobäi huet hie weider ervirgehuewen, den Charles wier mat him eens, datt een et ni géing zouloossen, datt Iran nuklear Waffe kréich.
Et gëtt allerdéngs keng Indicen, datt de brittesche Kinnek dës Positioun deelt. Den Trump hat virdru schonn de brittesche Premier Keir Starmer kritiséiert, well dëse sech géint e Krich mam Iran ausgeschwat hat.
Trotz den Differenzen hu béid Staatscheffen déi "speziell Relatioun" tëscht béide Länner ervirgehuewen. Den Charles sot, hie wier do fir dës "onersetzlech Allianz, déi e Grondstee vu Wuelstand a Sécherheet ass, ze erneieren".
Gläichzäiteg huet hien d'Bedeitung vun internationale Bündnisser wéi der NATO, déi den Trump dacks schlecht schwätzt, ënnerstrach an d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ernimmt. Zesumme kéint een awer dës Erausfuerderungen iwwerstoen, sou de brittesche Monarch.
Ënnert den Invitéë vum Gala-Iesse ware prominent Gäscht aus der Tech- a Sportwelt, dorënner den Apple-CEO Tim Cook, den Amazon-Grënner Jeff Bezos, den Nvidia-CEO Jensen Huang an den nordiresche Golfer Rory McIlroy.
D'Atmosphär war deelweis locker, mat humoristeschen Aussoe vu béide Säiten. Den Charles huet dobäi op eng Ausso vum Trump ugespillt, datt ganz Europa haut ouni d'Hëllef vun den USA géing Däitsch schwätzen a gesot, ouni d'Englänner géingen d'USA haut Franséisch schwätzen – e Verweis op de Kolonial-Konflikt.
Den US-President huet de Kinnek trotzdeem gelueft a seng Ried am Kongress als "fantastesch" bezeechent. De Monarch hätt eng Standing Ovation vun den Demokrate kritt, eppes wat den Trump ni selwer fäerdeg bruecht hätt.

An eréischt der zweeter Ried vun engem brittesche Monarch virum US-Kongress – no senger Mamm Queen Elizabeth II am Joer 1991 – huet de King Charles III och op gemeinsam demokratesch Traditiounen higewisen, déi Géigner dem Donald Trump virwerfen, ze ënnergruewen. Hien huet ervirgehuewen, datt déi brittesch Magna Carta a méi wéi 160 Entscheedunge vum US-Supreme Court zitéiert gouf, a sou – ënner staarkem Applaus vun den Demokraten an der Oppositioun – de Prinzip betount, datt d'exekutiv Muecht u Kontrollinstanze gebonnen ass.
Den Trump hat Groussbritannien virdru schonn als nooste Partner vun den USA bezeechent, wéi hien de Charles an d'Kinnigin Camilla am Wäissen Haus mat militäreschen Éieren empfaangen huet. "Zanterdeem mir eis Onofhängegkeet gewonnen hunn, hat Amerika keng besser Frënn, wéi d'Britten", sou den Trump.
Trotz den Tensioune wéinst dem Iran-Krich huet den US-President sech locker ginn an e Witz iwwer seng schottesch Mamm gemaach, déi "an den Charles verléift gewiescht wier", souwéi och eng Bemierkung iwwer dat brittescht Wieder.
D'Sécherheet ronderëm de Besuch war verschäerft ginn, nodeems et de Weekend beim Korrespondenten-Dinner zu Washington zu engem versichten Attentat op den Trump koum. D'Royals reese Mëttwoch weider op New York, wou si d'9/11-Memorial besiche wäerten, ier si en Donneschdeg op Bermuda weiderfléien.