Doud vun zwee US-AgentenUSA wëlle sech u mexikanescht Recht halen, esou Claudia Sheinbaum

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Doud vun zwee US-Agenten, déi ouni Autorisatioun a Mexiko am Asaz waren, huet déi mexikanesch Presidentin matgedeelt, datt den nërdlechen Noper kooperéiere géif.
Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum.
© AFP/Rodrigo Oropeza

D'USA engagéiere sech, déi mexikanesch Gesetzer ze respektéieren, nodeem zwee US-Agenten bei engem Asaz op mexikaneschem Territoire, fir déi si keng Autorisatiounen haten, ëm d'Liewe komm sinn. Dat huet déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum annoncéiert.

Verschidden US-Medien no hätten déi zwee Agente fir d'CIA geschafft an hat keng Autorisatioun vum mexikanesche Staat, fir eng offiziell Missioun a Mexiko duerchzeféieren. Si si bei engem Autosaccident den 19. Abrëll am Bundesstaat Chihuahua am Norde vu Mexiko an un der Grenz mat den USA ëm d'Liewe komm. Si ware fir en Anti-Drogen-Asaz ënnerwee.

Dësen Tëschefall huet d'Bezéiungen tëscht Mexiko-City a Washington belaascht an huet e Méindeg dozou gefouert, datt de Procureur vum Bundesstaat Chihuahua César Jauregui säi Récktrëtt annoncéiert huet. Als Grond huet hien uginn, datt hien net matkrut, datt zwee US-Agenten op mexikaneschem Terrain aktiv waren.

Nodeem Mexiko déi amerikanesch Autoritéiten informéiert huet, huet et aus Washington "kloer geheescht, datt si d'Gesetzer an d'Konstitutioun vu Mexiko respektéiere wäerten", esou d'Claudia Sheinbaum bei enger Pressekonferenz en Dënschdeg.

Den Autoritéite vu Chihuahua no wieren déi zwee auslännesch Agenten net arméiert gewiescht, hätten Zivilkleeder ugehat an hir Gesiichter maskéiert. Si hätten och net aktiv un enger Operatioun, fir en Drogelaboratoire auserneenzehuelen, deelgeholl. Den déidlechen Autosaccident, bei deem och zwee Mexikaner ëmkoumen, wier um Réckwee passéiert.

Déi mexikanesch Presidentin huet och eng weider Kéier betount, datt déi amerikanesch Agenten bei "enger Operatioun, bei där u sech just déi mexikanesch Autoritéite sollten deelhuelen," dobäi waren.

"Keen (amerikaneschen Agent) hat eng spezial Akkreditatioun, déi him erlaabt hätt, Aktivitéiten op eisem Terrain duerchzeféieren", esou och de mexikaneschen Inneminister. D'Regëster vun der mexikanesch-amerikanescher Grenz weist dann, datt déi zwee Agenten als "Visiteuren" agereest sinn.

Den US-President Donald Trump hat senger Homologin militäresch Hëllef am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit a Mexiko proposéiert. Dës Offer huet d'Claudia Sheinbaum awer scho méi dacks ofgeleent.

Back to Top
CIM LOGO