
Et ass dat gréisst Evenement mat Staats- a Regierungscheffen an der Geschicht vun Irland. Zu Dublin kommen um Donneschdeg iwwer 50 Staats-a Regierungschefffe vun der sougenannter "europäescher politescher Communautéit" zesummen. E Freideg ass dann nach en informelle Sommet. Awer alles ouni d'Belsch an Holland.
De belsche Premier Bart de Wever an den hollännesche Regierungschef Rob Jetten sinn doheem mat Regierungskrise wéinst dem Staatsbudget konfrontéiert an hunn dowéinst kuerzfristeg hir Participatioun ofgesot. Fir sou Fäll kënne Regierungscheffen engem anere Staatschef hiert Stëmmrecht iwwerdroen, also quasi eng Procuratioun ginn. An do kënnt dann elo de Luc Frieden an d'Spill. De Lëtzebuerger CSV-Premier vertrëtt an Irland de ganze Benelux a gouf vun de Journalisten och direkt dorobber ugeschwat.
Dat sinn der ëmmerhi ronn 44 mol wéi am klenge Lëtzebuerg...
Wat huet et mat der "europäescher politescher Communautéit" op sech?
Et sinn eng 50 Politiker, déi sech dësen Donneschdeg zu Dublin gesinn. Vun Island bis eriwwer an Armenien an dem Aserbaidschan. An och de kanadesche Premier Mark Carney ass nees invitéiert. D'Europäesch Unioun strieft jo mat Kanada méi enk Relatiounen un, och wann eng formell associéiert Memberschaft einstweile lo mol vum Dësch ass.
EPC aus dem Ukrainkrich entstanen
D'Gebuertsstonn vun dëser "europäescher politescher Communautéit" ass déi russesch Invasioun vun der Ukrain 2022. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj dierf dowéinst zu Dublin natierlech och net feelen. An och d'amerikanesch Chef-Negociateuren Jared Kusher an Steve Witkoff gi sech no hirer Entrevue zu Moskau mam russesche President Vladimir Putin haut och an der irescher Haaptstad erwaart a kënnen also do direkt e Briefing maachen.
EU streit weider iwwer Representant bei Ukraingespréicher
Zu Dublin geet et dann awer och drëms fir ze kucken, wéi d'Europäer an déi neiste Verhandlungen iwwert e Fridden an der Ukrain kënnen mat agebonne ginn. An dat ass eng Fro mat groussem politesche Sprengstoff.
Well d'Europäesch Memberstaaten sech zwar eens sinn, datt se wëlle mat um Verhandlungsdësch sëtzen, wann iwwert d'Zukunft vun der Ukrain diskutéiert gëtt, mä nach ëmmer driwwer streiden, wien d'EU dann do vertriede soll. Virun allem déi italieenesch Premierministesch Giorgio Meloni huet déi lescht Deeg mat engem Bréif un de Conseilspresident Antonio Costa Drock gemaach, datt do e Freideg um informelle Sommet Kloertext geschwat gëtt. All déi ënnerschiddlech Initiative géifen der EU hirer Kredibilitéit schueden. An och den ukrainesche President fuerdert, datt d'Europäer sech endlech iwwer konkret Nimm eens ginn.
Den iresche Premier Michael Martin, dee jo grad d'Presidence huet, sot um Donneschdeg et wier evident, datt d'EU eng gemeinsam Linn misst vertrieden. Et misst awer net onbedéngt nëmmen eng Persoun sinn. Deen hält sech also nach zréck. De Lëtzebuerger Regierungschef Luc Frieden dogéint war fir seng Verhältnisser dogéint wéineg zréckhalend. Hien huet sech bei senger Arrivée fir de permanente Rotspresident Antonio Costa ausgeschwat, dee wier den natierleche Kandidat fir d'Europäer bei de Russen an den Ukrainer ze vertrieden. De Costa huet och de Support vun anere klenge Länner. Déi kéinten awer och mat der EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas liewen. Als Alternative ginn awer och ëmmer rëm de finnesche President Alexander Stubb, dee jo mam Donald Trump gutt kann, an den norweegesche President Jonas Gahr Störe genannt.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel hat virun e puer Méint den Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker an d'Spill bruecht. Deen hat bei eis am Background awer kloer gemaach, fir déi Missioun net zur Verfügung ze stoen.
Aner Sujeten zu Dublin sinn nach eng besser Zesummenaarbecht bei der Energie an och déi Kënschtlech Intelligenz.