D'Police confirméiertOp d'mannst véier Doudesaffer a Fligeraccident a Kroatien

AFP, iwwersat vun RTL
Op d'mannst véier Leit sinn en Donneschdeg an engem Fligeraccident un der nordwestlecher Küst vu Kroatien gestuerwen.
Symbolfoto.
Symbolfoto.

"Den aktuellen Informatiounen no si véier Leit gestuerwen", huet et vun der Police an enger Matdeelung geheescht. Den Accident war zu Medulin, engem beléiften Touristenduerf un der Südspëtzt vun Istrien. All Noutallservicer wieren op der Plaz.

Vun der nationaler Pompjeesassociatioun huet et geheescht, den Accident wier géint 11:20 Auer net wäit vum Sportsflughafe bei Medulin geschitt. Dräi Pompjeesween, dräi Ambulanzen an een Noufallhelikopter wieren op d'Plaz geschéckt ginn, genee wéi och d'Police, huet et op Facebook geheescht.

De lokale Medien no géif nom Accident an enger onbewunnter Géigend no beim Fluchhafen nach no zwou Persoune gesicht ginn. Dem staatlechen Noriichtesender HRT no wier de klenge Fliger an Däitschland registréiert gewiescht. E wier an Éisträich gestart an hätt zu Medulin solle landen.

Weider Detailer zum Accident gi sech en Donneschde méi spéit erwaart, wann Enquêteure vun der nationaler Agence fir Accidenter am Loft-, Séi- oder Zuchverkéier do sinn.

Back to Top
CIM LOGO