Däitsche Politikwëssenschaftler op Visitt zu LëtzebuergProf. Wolfgang Sander: Europa brauch nees eng gemeinsam Séil

RTL Lëtzebuerg
Europa brauch nees eng gemeinsam Séil: Dat seet den däitsche Politikwëssenschaftler Wolfgang Sander, dee lescht Woch fir ee Virtrag zu Lëtzebuerg war.
© Céline Eischen

Däitsche Politikwëssenschaftler op Visitt zu Lëtzebuerg / Rep. Céline Eischen

Mam Titel “Nun sag’, wie hast du’s mit der Religion?”, engem Zitat aus dem Goethe sengem Faust, ass de Professer der Fro nogaangen, wéi déi chrëschtlech Traditiounen an Europa et kéinten erméiglechen, dass d’Europäer nees méi beienee fannen a sech mat enger gemeinsamer Identitéit identifizéiere kënnen.

Europa eng gemeinsam Séil ginn: Dat ass dem Wolfgang Sander no essentiel, fir d’Kohesioun vun der EU ze garantéieren. Et bräicht eng unifiéiert Identitéit, well et net duergeet, sech eleng just op déi wirtschaftlech Virdeeler a perséinlech Fräiheeten an der EU ze verloossen:

“Europa eine Seele geben ist im Grunde das was ich meine mit Europäischer Identität. Also ein Verständnis davon, was die Europäer eigentlich miteinander verbindet. Was der innere Grund für den Zusammenschluss ist, der tiefer geht als nur Ökonomische Vorteile, Reisefreiheit und Ähnliches.”

Dëst wier virun allem wichteg an Zäite vu geopolitesche Konflikter an Onsécherheeten, an deenen de gesellschaftlechen Zesummenhalt och fir d’Sécherheet gebraucht gëtt, esou de Professer Sander:

“Weil tatsächlich auch Nationen letzten endes stabil sein können nur dann wenn Menschen sich bis zu einem gewissen Grad mit ihnen identifizieren.”

Fir dës gemeinsam Identitéit ze stäerken, misst ee sech dem Ursprong vun der EU an dem Europäeschen Zesummenhalt bewosst sinn. Dee wier dem Professer no an der Chrëschtlecher Traditioun, déi de Grondstee fir ee gemeinsamen Europäeschen Neiufank nom zweete Weltkrich war an och eng geeschtlech-kulturell Verbindung erméiglecht huet. Des chrëschtlech Basis wierkt dem Professer no bis haut:

“Die christliche Tradition wirkt, und viele wissen es eben nicht mehr, in so Vorstellungen wie zum Beispiel, moralische Gleichwertigkeit aller Menschen, Menschenwürde, Gewissensfreiheit. Das sind Vorstellungen, die wir heute als Europäische Werte verstehen, die tatsächlich aber zurückgehen auf das frühe Christentum.”

Eng kollektiv Identitéit géif just duerch eng historesch Perspektiv entstoen, dat heescht, dass ee sech senger gemeinsamer Geschicht an och dem Ursprong vu senge Wäerter bewosst ass. Dëst soll, dem Professer Sander no, besonnesch a Westeuropa duerch eng méi oppen Diskussiounskultur iwwer Relioune geschéien. Och an der Bildung misst méi iwwert de chrëschtlechen Ursprong vun Europäesche Wäerter diskutéiert ginn. Op d’Fro hin, ob et schwiereg wier, chrëschtlech Traditioune mat eiser moderner multikultureller Gesellschaft ze verbannen, seet de Professer Sander:

“Da seh ich gar kein Problem. Für religiöse Minderheiten, Muslime zum Beispiel, ist entscheidend, dass es Religionsfreiheit gibt. Die allerdings muss es tatsächlich geben, und die ist übrigens auch eine Europäische Erfindung.”

D’Chrëschtentum wier villfälteg an et misst ee sech virun allem op d’Grondprinzippie baséieren, wéi zum Beispill moralesch Gläichaartegkeet a Gewëssensfräiheet. An de leschte 40 Joer hätt ee gemierkt, dass d’Fräiheetsversteesdemech vun den Europäer ëmmer méi op sech selwer bezu gouf: D’Leit gesi Fräiheet éischter als eng Ofgrenzung vun Ufuerderungen, fir sech selwer kënnen ze verwierklechen, amplaz, wei am Chrëschtentum virginn, als eng Verantwortung fir seng Matmënschen. Zu esou Wäerter misst et europawäit ee méi explizitt Bekenntnis ginn, fir dass Europa eng Identitéit entwéckele kann, déi Si zesummenhält.

Back to Top
CIM LOGO