No déidlechem Zuchaccident an IndonesienZuel vun Doudege klëmmt op 16, ausschliisslech Fraen ënnert den Affer

AFP, iwwersat vun RTL
Nom déidlechen Zuchongléck an der Géigend vun Jakarta vu Méindeg op Dënschdeg hunn d'Autoritéiten elo nei Detailer matgedeelt.
© YASUYOSHI CHIBA/AFP

D'Zuel vun den Doudegen ass deemno op 16 geklommen, nodeems en Dënschdeg nach vu 14 Rieds goung an een ausgeschloss hat, weider Läichen ze fannen. Et soll sech bei den Doudegen iwwerdeems nëmmen ëm Fraen handelen. Insgesamt 90 Persoune ware blesséiert ginn an dovunner konnte 44 d'Spidol entretemps nees verloossen.

E Pendlerzuch war bei enger Barriär stoe bliwwen, nodeems e vun engem Taxi gesträift gouf. Doropshi war e Schnellzuch an dëse gerannt. D'Affer ware gréisstendeels an de Waggonen ageklemmt. Weider heescht et, datt d'Doudeg alleguer Passagéier am Pendlerzuch waren, dee stoe bliwwen ass.

E Mëttwoch huet den indoneesesche Verkéiersminister virun der Press dann och matgedeelt, datt een eng Enquête géint d'Taxi-Entreprise lancéiert hätt, där hiren Auto den Zuch bei der Barriär gesträift hat.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO