JapanZoomataarbechter soll seng Fra an Anlag vum Déierepark verbrannt hunn

AFP, iwwersat vun RTL
Géint e Mataarbechter vun engem japaneschen Zoo gëtt e grujele Verdacht erhuewen.
© MASAKI FURUMAYA/The Yomiuri Shimbun via AFP

De Mann soll seng Fra ermort an hire Kierper an enger Verbrennungsanlag fir Offall an Déierekadaveren ageäschert hunn. "D'Police féiert den Ament Ermëttlungen duerch an eis Ariichtung wäert a vollem Ëmfang dorunner matschaffen", heescht et vum Asahiyama-Zoo op der nërdlecher Insel Hokkaido. Lokale Medieberichter no gouf de Mann iwwer d'Verschwanne vu senger Fra befrot wouropshin hie soll ausgesot hunn, hien hätt d'Anlag " e puer Stonne laang genotzt", fir hire Kierper ze verbrennen. Den Zoo, dee wéinst senge Virbereedungen op d'Summersaison zanter Uganks vum Mount zou ass, huet wéinst der Enquête eegenen Aussoen no seng fir e Mëttwoch geplangt Reouverture op e Freideg verluecht.

Back to Top
CIM LOGO