
Wéi et heescht, hätte Rebelle mat hiren Attacken ënnert anerem d‘Géigend ronderëm de Presidentepalais an den internationale Fluchhafen an der Haaptstad Niamey viséiert. D'Presidentegard hätt d'Attack an der Haaptstad Niamey awer zréckgeschloen. D'Militärregierung huet erkläert, datt een d'Situatioun "schrëttweis nees ënner Kontroll" géing bréngen.
Déi ganz Nuecht iwwer hätt een zu Niamey Schëss héieren, virun allem ronderëm de Presidentepalais, mä och an der Géigend vum Fluchhafen, wou e wichtege Militärstëtzpunkt ass. Och d'Staatstëlee war moies zäitweis ënnerbrach. Méi spéit huet de Verdeedegungsminister Salifou Mody d'Bevëlkerung iwwer d'Tëlee zur Rou opgeruff. D'Sécherheetsbeamte wiere "fir d'Verdeedegung vum Heemechtsland mobiliséiert" ginn.
En afrikaneschen Diplomat zu Niamey sot, datt d'Presidentegard bis ewell nach hannert dem Militärchef Abdourahmane Tiani stéing. Zanter engem Putsch 2023 gëtt den Niger vun enger Militärjunta regéiert. Dat westafrikanescht Land hat sech zanterhier vum Westen of- a Russland zougewannt.
Der Militärregierung no hätten d'Rebellen op engem Militärstëtzpunkt um internationale Fluchhafen zu Niamey probéiert, Zaldote festzehalen. Zeien hu vu Schëss an Explosiounen um Militärstëtzpunkt 101 geschwat. Hei ass och d'Haaptquartéier vum russeschen Afrika-Corps an d'Arméi vun der Allianz vun de Sahel-Staaten (AES). Tëscht Dezember a Januar war do eng grouss Liwwerung Uran fir den Export gelagert ginn. Zanterhier gouf et keng Meldungen iwwer en Transport vun der Fracht.
Dëst ass schonn déi drëtte Kéier dëst Joer, datt et sou esou Ausernanersetzungen am Niger ginn. An den éischten zwee Fäll ass och schonn de Fluchhafe viséiert gewiescht.