E Sonndeg war de Startschoss fir déi lescht 21 Länner, déi fir d’Europäescht Parlament matstëmmen. Net nëmmen an eise Nopeschlänner deit sech eng héich Walbedeelegung un. Ronn 350 Millioune Leit si walberechtegt, fir d’Vertrieder vun den 720 Sëtzer am Parlament ze bestëmmen.
D’Resultater fir déi ganz EU ginn eréischt am spéiden Owend publizéiert. D’Walbüroen zu Lëtzebuerg hunn hir Dieren zwar schonn um 14 Auer zougemaach. An Italien awer ass d’Wal eréischt um 23 Auer eriwwer.
Déi provisoresch Resultater am Ausland weise gréisser Victoirë fir konservativ an extreem riets Parteien.
Beispill Éisträich. Do kéim déi riets FPÖ op 25,5 Prozent vun de Stëmmen a géif domadder sechs Sëtz kréien. Si wier domadder ganz knapp déi stäerkst Partei am Land.
An Däitschland wier d’CDU/CSU mat 30 Prozentpunkte kloer vir a kéint sech 31 Sëtz am EU-Parlament sécheren. Gutt Noriichte fir d’EVP-Spëtzekandidatin Ursula von der Leyen. D’AFD géif mat 15,9 Prozent virun d’SPD an déi Gréng réckelen a mat 7 neie Sëtz op am Ganzen 18 kommen.
Och a Frankräich annoncéiert sech e gudde Score fir de Rassemblement National. D’Lëscht vum Parteipresident Jordan Bardella kënnt de provisoreschen Zuelen no op 31,5 Prozent, wat e Rekord-Score bedeite géif. D’Lëscht, déi vum Emmanuel Macron ënnerstëtzt a vun der Valérie Hayer geleet gouf, kënnt just op 14,5 Prozent. De Sozialist Raphaël Glucksmann kritt 14 Prozent. D’Manon Aubry vun der France insoumise kënnt op 10,10 Prozent. De franséische President huet och schonn op dës Walnéierlag reagéiert.
An Holland ginn 31 vun de 720 Sëtz vum Parlament verdeelt. Souguer mat enger zweeter Plaz däerf sech de Rietspopulist Geert Wilders erëm als grousse Gewënner vun enger Wal an Holland fillen. Seng Fräiheetspartei bléift éischte Sondagen an och de provisoresche Resultater no also uewe mat dobäi. “Et gesäit een, datt a ville Länner Parteie wéi meng net just u Popularitéit, ma och Sëtzer wannen. Sief dat an der Belsch, Frankräich, Éisträich oder Italien. Mir gi méi staark an ech hoffen, datt mer et fäerdegbréngen, als eng kombinéiert Force ze agéieren. Eng Grupp an net ewéi bis ewell an 2 oder 3.”, sou de Wilders.
Effektiv huet d’PVV an Holland am meeschte bäigeluecht. Ma zwee Drëttel vun den hollännesche Wieler stëmmen de Prognosen no awer pro-europäesch. Bis ewell wier déi stäerkst Kraaft de Rassemblement aus de Gréngen an de Sozialdemokraten. D’Walbedeelegung louch bei 47%, déi héchst a 35 Joer.
D’Europawal gëtt vu villen an Ungarn als Referendum iwwert d’Popularitéit vum Premier Viktor Orban gedeit. Déi illiberal Politik vum 61 Joer ale Regierungschef a säi prorussescht Verhalen hunn hien ëmmer nees zum Aussesäiter an der EU gemaach. “Et ass eng richteg europäesch Wal”, erkläert de Viktor Orban. “Et ass eng europäesch Pro-Fridden- oder Pro-Krich Wal.”
Seng Fidez-Partei dominéiert déi ungaresch Politik zanter 2010. An awer gëtt sech erwaart, datt Fidez haut déi meeschte Stëmme kritt.
Wärend et a ville Länner vun der EU zu engem Rietsruck kënnt, hunn déi nordesch Memberlänner éischter géint den Trend gestëmmt. Hei ware lénk a gréng Parteie vir op, déi riets Parteien hunn a Schweden an a Finnland un Zoustëmmung verluer.
A Finnland kéim déi Lénks Allianz de provisoreschen Zuelen no op 17,3 Prozent, dat wier e Plus vun iwwer 10 Prozentpunkten a si wieren zweetstäerkste Kraaft am Land. Op Plaz 1 wier d’Partei vum konservative Regierungschef, déi 24,7 Prozent vun de Stëmme géif kréien. Déi rietspopulistesch Partei dogéint fält op 7,6 Prozent, wat e Minus vun iwwer 6 Prozentpunkte wier. Si verléieren domadder och ee vun hiren zwee Sëtz.
Déi Gréng wieren ee vun de Walgewënner a Schweden. Si kéime mat 15,7 Prozent op déi drëtte Plaz an hätte 4,2 Prozentpunkte bäigeluecht. Och déi Lénk wieren ëm bal 4 Prozentpunkten op 10,7 geklommen. D’Schweddemokraten, déi géint Awanderung sinn, hu knapp annerhallwe Prozentpunkt verluer a kéimen op 13,9 Prozent.
An Dänemark wier d’Sozialistesch Vollekspartei den inoffiziellen Zuelen no déi stäerkste Kraaft mat 17,2 Prozent. D’Sozialdemokraten, déi aktuell d’Regierung féieren, kéimen op 15,6 Prozent a wiere just déi zweetmeescht gewielte Partei.