
Déi russesch Ambassade a Kolumbien huet e Bericht iwwer hir Verwécklung an d'Rekrutéierung vu Söldner aus dem südamerikanesche Land fir de Krich an der Ukrain zeréckgewisen. An enger Deklaratioun, déi e Mëttwoch publizéiert gouf, heescht et vun der Vertriedung vu Moskau zu Bogota, datt d'Ambassade "weder eng Verbindung zu den am Bericht genannte Rekrutten huet, nach déi geréngsten Anung, wéi dës Aktivitéit finanzéiert gëtt".
Dat kolumbianescht Noriichteportal Noticias Caracol hat e Méindeg e Bericht publizéiert, deemno Moskau a Kolumbien Männer fir de Krich an der Ukrain rekrutéiere léist. Dobäi stëtzt et sech op entspriechend Zeienaussoen an Dokumenter.
Familljemembere hunn dem Portal gesot, datt et sech bei de Leit, déi e Kolumbien engagéiert goufen, haaptsächlech ëm fréier Membere vun der Arméi géif handelen. Dës wiere fir Sécherheetsdéngschtleeschtungen am Ausland rekrutéiert ginn. Dem Bericht no hat déi russesch Ambassade Verbindunge zu de presuméierte Netzwierker, déi d'Leit rekrutéieren.