
Teheran no hu sech den Iran an den Oman op eng nei Streck duerch d'Strooss vun Hormus gëeenegt. Béid Säiten hätte sech op déi "geografesch Koordinate" fir d'Streck duerch de Mierespassage verstännegt, sot de Spriecher vum iraneschen Ausseministère Esmaeil Bakaei e Mëttwoch.
Eng gemeinsam Erklärung zu den zentrale Punkte vum Accord géing aktuell fäerdeggestallt ginn, esou de Spriecher weider - "wa bestëmmt drëtt Parteien de Prozess net behënneren". Engem Bericht vun der staatlecher Noriichtenagence Irna no sot de Bakaei géigeniwwer Journalisten, datt d'Gespréicher mam Oman virukéimen. Ma souguer am Fall vun engem Accord géing dat net bedeiten, datt de Passage fir all Schëffer sécher gi wier. "D'Facteuren, déi d'Strooss vun Hormus onsécher maachen, bleiwen duerch d'Vereenegt Staate bestoen."
Den Iran an den Oman haten iwwer eng nei Streck duerch d'Strooss vun Hormus, déi zanter dem Iran-Krich dauernd blockéiert ass, beroden. De Mierespassage ass fir de weltwäite Pëtrol- an Äerdgashandel enorm wichteg.
Den US-President betount ëmmer nees, datt Teheran dorun interesséiert wier, en Accord fir eng Reouverture vum Passage auszehandelen. Den Iran dementéiert dat awer an huet erkläert, datt een amplaz Eenegunge mam Oman treffe géing.