
D'Affer sinn tëscht 34 an 52 Joer al a goufen op der Plaz versuergt, ier si an en Trauma-Zenter bruecht goufen.
D'Police huet eng 47 Joer al Fra festgeholl. D'Motiv vun der Dot ass de Moment nach net bekannt. D'Noutdéngschter waren um Mëttwoch de Mëtteg an dee beléiften Touriste- an Theaterquartier geruff ginn.
Éischten Ermëttlunge no geet d'Police dovun aus, datt de Messerugrëff mat enger psychescher Kris am Zesummenhang stoe kéint. D'Enquête steet nach ganz um Ufank.
Op der Plaz huet d'Police eng Schéier als presuméiert Waff séchergestallt. D'Ëmstänn vun der Dot ginn nach weider ënnersicht.