No Lawinenongléck am PakistanVéier Läiche vun Alpiniste gebuergen, dorënner och bekannten Nirmal Purja

AFP, iwwersat vun RTL
Bei enger Expeditioun um Bierg Broad Peak am Pakistan goufen zéng Alpiniste matgerappt. Et gouf keng Iwwerliewender, dräi Läiche ginn nach gesicht.
Nach dem tödlichen Lawinenunglück in Pakistan hat ein Suchtrupp die Leichen des bekannten britisch-nepalischen Bergsteigers Nirmal Purja und dreier seiner Mitstreiter geborgen.
De bekannte britteschen-nepaleeseschen Alpinist Nirmal Purja.
© AFP/Archiv

Nom déidleche Lawinenongléck am Pakistan huet e Sichgrupp d'Läiche vum bekannte brittesch-nepaleeseschen Alpinist Nirmal Purja an dräi weideren Alpiniste gebuergen. Déi véier Läiche wieren an d'Basislager um Bierg Broad Peak bruecht ginn, heescht et vum pakistaneschen Alpinismus-Veräin (ACP) e Mëttwoch. D'Läiche vun dräi weideren Alpiniste ginn deemno weider vermësst.

Déi stierflech Iwwerreschter vum Nirmal Purja, den nepaleeseschen Alpinisten Nima a Kliu Sherpa souwéi vum Chinees Zhong Wang sollen elo hire Famillje gi ginn. D'Läiche vun dräi weidere Membere vum Expiditiounsgrupp vun zéng Leit ware scho virdru gebuergen ausgeflu ginn. D'Sich no de verbleiwenden Doudege géing weidergefouert ginn, "soubal et d'Konditiounen erlaben", esou den ACP weider.

Den 43 Joer ale Rekordalpinist Purja an néng weider Alpiniste waren déi lescht Woch um Wee op de Sommet vum 8.047 Meter héije Broad Peak vun enger Lawin matgerappt ginn. Et gouf keng Iwwerliewender. Dem ACP no hunn Donnéeë vun de GPSen dorop hi gedeit, datt d'Alpinisten e puer Honnert Meter den Hang erof geschleidert goufen.

A senger Karriär als Alpinist sinn dem Purja e puer Pionéierdote gelongen. 2019 hat hie weltwäit fir Schlagzeile gesuergt, wéi hien op all 14 Bierger op der Äerd, déi méi héich si wéi 8.000 Meter bannent sechs Méint a sechs Deeg geklomme war an domat de viregte Rekord vu siwe Joer gebrach. Engem gréisste Public bekannt gouf den Alpinist 2021 duerch eng Netflix-Dokumentatioun.

Back to Top
CIM LOGO