Oppene Bréif un de PutinSelenskyj proposéiert e komplette Waffestëllstand an e perséinlecht Treffen

RTL mat AFP
An engem oppene Bréif u säi russeschen Homolog mécht den ukrainesche President verschidde Proposen, fir bei de Friddensverhandlunge weiderzekommen.
D'Presidente vun de Krichsparteien Ukrain a Russland Wolodymyr Selenskyj a Wladmir Putin.
D'Presidente vun de Krichsparteien Ukrain a Russland Wolodymyr Selenskyj a Wladmir Putin.
© MANDEL NGAN ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

An engem oppene Bréif, deen den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj u säi russeschen Homolog Wladimir Putin riicht, proposéiert den Ukrainer e perséinleche Meeting tëscht béide Staatscheffen. Och betount de Selenskyj a sengem Bréif, deen en Donneschdeg un de Putin gaangen ass, datt hien an d'Ukrain bereet wieren, fir e "komplette Waffestëllstand". Dës Propos vum Selenskyj koum just e puer Stonnen, nodeem de Putin selwer unerkannt huet, dat Russland seng Loftverdeedegung verstäerke misst, nodeem ukrainesch Dronen e Mëttwoch e russescht Pëtrolslager an eng militäresch Basis zu St. Petersburg getraff haten.

"D'Ukrain proposéiert en Enn vun dësem Krich duerch en direkt Engagement tëscht eis en Iech. Dofir proposéieren ech e Meeting", ass am Bréif ze liesen. "D'Ukrain ass prett fir e komplette Waffestëllstand wärend der Zäit vun dëse Gespréicher", ass weider am Bréif ze liesen.

Aus dem Kreml huet et geheescht, datt de President Putin de Bréif nach net gesinn hätt, den ukrainesche President Selenskyj awer "zu all Moment op Moskau" komme kéint, fir mat him ze schwätzen. D'Rees op Moskau hat de Selenskyj awer schonn ausgeschloss. A sengem Bréif hat hien d'Schwäiz, d'Tierkei oder ee vun der arabesche Staaten als Propos fir en Treffe genannt.

Et ass rar, datt de Selenskyj sech direkt un de Putin wennt, zanter datt de Krich tëscht béide Länner ausgebrach ass. Ma den Appell, fir direkt Gespréicher mateneen ze féieren, hat den ukrainesche President scho méi wéi eng Kéier gemaach.

Bis ewell gouf et och scho Gespréicher tëscht béide Länner, déi awer ni wierklech zu vill gefouert hunn. Russland verlaangt vun der Ukrain territorial a politesch Konzessiounen, déi d'Ukrain awer net wëll opginn. An d'Ukrain hat schonn e puer Mol e Waffestëllstand wärend de Gespréicher gefuerdert, wouropper Russland bis ewell net agoe wollt.

Back to Top
CIM LOGO