Dem amerikaneschen Ausseminister Rubio no wier den Iran och prett, fir iwwert säin Atomprogramm ze verhandelen, wat Teheran bis ewell ëmmer refuséiert hat. Déi wichtegst Konditioun wier awer, datt de Mierespassage vun Hormus deblockéiert gëtt, esou de Rubio.
D’USA hu gemellt, si hätten an der Golfregioun e puer Attacke vum Iran op Nopeschlänner ofgewiert an dobäi och selwer Ziler am Iran ugegraff.
No US-Informatiounen huet den Iran an der Nuecht op e Mëttwoch Rakéiten op Kuwait a Bahrain ofgeschoss. Dës hätte gréisstendeels hiert Zil verfeelt oder wiere vun der Loftverdeedegung ofgefaange ginn. Och Dronen, déi op US-Zaldoten a Schëffer geriicht waren, hätte kee Schued ugeriicht.
D’US-Arméi huet am Géigenzuch "Selbstverdeedegungsattacken" op iranesch Infrastrukturen op der Insel Qeshm duerchgeféiert. Teheran huet deeglech Géigenattacken gemellt, dat gouf awer vu Washington dementéiert.
D'Situatioun bleift ugespaant: D'strategesch wichteg Strooss vun Hormus ass nach ëmmer blockéiert, an trotz offizieller Wafferou geheie sech béid Säite weiderhi Verstéiss vir.
D'Friddensverhandlungen tëscht Israel an dem Libanon lafen och weider. Dofir ware Vertrieder vu béide Säiten zu Washington beieneen. Dobäi goung et virop ëm d'Situatioun ronderëm Beirut. An enger nächster Gespréichsronn soll iwwert e Réckzuch vun den israeeleschen Truppen an iwwert eng Wafferou diskutéiert ginn.