
Konsumente vun Noriichten uechter d'Welt orientéiere sech ëmmer méi un de Soziale Medien an u Video-Plattformen, fir hir Informatiounen ze kréien. De Rapport vum Dënschdeg warnt, datt déi traditionell Business-Modeller vun de Medien a Gefor wieren.
D'Joer 2026 wier deemno ee "signifikante Meilesteen: fir déi éischte Kéier ass d'Consommatioun vu Soziale Medien a Video-Plattforme global virun där vun aneren Noriichtesourcen." De Pourcentage läit bei 54 Prozent, esou den Jim Egan, deen den Haaptauteur vum Rapport vum Reuters Institute for the Study of Journalism ass.
De Bericht, deen all Joers vum Institut publizéiert gëtt, dat zu der University of Oxford gehéiert, gëtt als Seismograf fir d'Trends an der Medielandschaft gesinn. D'Fuerscher hu fir hir Resultater Online-Ëmfroe vu bal 100.000 Leit an 48 Länner ausgewäert.
De Rapport vun dësem Joer huet festgehalen, datt 54 Prozent vun de Participanten hir Noriichten aus de Soziale Medien oder vu Video-Plattformen hunn. Wann ee KI-Chatbots, wéi zum Beispill ChatGPT, matrechent, kéim ee souguer op 56 Prozent. Deem entgéint sote just 52 Prozent, si géifen Noriichten an der Tëlee consomméieren, géigeniwwer 51 Prozent vun Zeitungs-Apps oder Websäiten, an 21 Prozent vum Radio.
Wärend et an der globaler Vue déi éischte Kéier war, datt déi nei Plattformen déi traditionell Medien iwwerholl hunn, haten individuell Länner schonn éischter dee Seuil iwwerschratt. An anere Länner dogéint - virun allem an Europa - hunn déi traditionell Medie fir den Ament awer nach d'Nues vir.
Insgesamt soten dräi vun 10 Participanten, datt si d'Sozial Medien a Video-Plattformen als Haaptsource fir hir Noriichte géife benotzen. Bei den 18 bis 24 Joer ale Participante louch den Taux souguer bei ronn 50 Prozent.
Verschidde Sozial Netzwierker ginn iwwerdeems och ënnerschiddlech benotzt. Déi meescht Participanten hunn uginn, fir News prinzipiell d'Plattformen X a YouTube ze benotzen. Op Facebook, Instagram an Tiktok géif een dogéint éischter zoufälleg op Noriichte stoussen, wärend een aner Saache mécht.
Bei de 45 bis 54 Joer ale Participanten a bei den iwwer 55 Joer ale Participanten hat d'Tëlee als News-Source iwwerdeems d'Nues vir. D'Apps an d'Websäite vun traditionelle Medie goufe vu kenger Alterstranche als Haapt-Ulafstell fir Noriichte genannt. "Dat huet offensichtlech Implicatiounen dorobber, wéi vill Leit erreecht kënne ginn, wéi engagéiert ee si kritt, an och dorobber, wéi vill Suen ee kann erakréien", esou de Egan, dee fréier am Cadre supérieur vun der brittescher BBC war.
Wéi grouss d'Erausfuerderung ass, Revenuen ze fannen, mat deenen d'Reporter kënne bezuelt ginn, gëtt dobäi däitlech, datt just 17 Prozent soen, datt si online fir Informatioune bezuelen. Gläichzäiteg hunn Internet-Rise wéi Google a Meta de Groussdeel vum Reklammsmarché fir sech monopoliséiert, op Käschte vun den traditionelle Medien.
Den 180 Säite laange Rapport verdäitlecht d'Trends, déi an de Medie schonn zanter Joren ze observéiere sinn. Dorënner fält och den Appetit no méi Video-Contenuen, wat et eenzelen "Content-Creators" vun Noriichte méi einfach mécht, an d'Vertrauen an déi traditionell Medie schwächt.
Dee leschte Punkt ass op engem Rekord-Déif: just 37 Prozent vun de Participante soen, datt se "de meeschten Noriichte meeschtens vertrauen". Ëmmer méi Leit verloosse sech och op d'Kënschtlech Intelligenz. Eng 10 Prozent vun de Participante soten, datt se all Woch KI-Chatbots fir News benotzen — eng Hausse par rapport vun de 7 Prozent am leschte Joer.
Dem Egan säi Fazit vum Rapport war: "Eng ganz Rei Punkte vum Rapport vun dësem Joer kënnen engem Suerge maachen, ma et ass eng onsécher Zäit fir déi traditionell News a fir d'Welt am allgemengen."