Test ob d'Streck wirtschaftlech rentabel assSüdkorea schéckt éischt Containerschëff duerch d'Arktis

AFP, iwwersat vun RTL
Duerch d'Äis, wat schmëlzt, gi wärend de Summerméint ëmmer méi Passagë fir Handelsschëffer op, déi viru Joren nach net fir grouss Frachtschëffer zougänglech waren.
D'Handelsschëff "Panstar Acro" beim Start zu Busan
D'Handelsschëff "Panstar Acro" beim Start zu Busan
© JUNG YEON-JE/AFP

Fir d'éischte Kéier ass a Südkorea e Containerschëff a Séi gestach, dat iwwer d'Arktis a Richtung Europa fuere soll. D'"Panstar Acro" huet e Samschdeg de Moie den Hafe vu Busan verlooss a soll iwwer déi nërdlech Mieresroute bis op Felixstowe a Groussbritannien, Rotterdam an Holland an op Danzeg a Polen fueren.

D'Faart gëllt als Test, fir erauszefannen, ob déi Schëffsroute iwwer d'Arktis wirtschaftlech rentabel ass. Duerch d'Äis, dat schmëlzt, gi wärend de Summerméint ëmmer méi Passagen op, déi viru Joren nach net fir grouss Frachtschëffer zougänglech waren.

D'Rees vum Schëff an Europa an nees zeréck soll ronn 45 Deeg daueren. Am Verglach dozou ass déi traditionell Route iwwer de Suezkanal an d'Mëttelmier ronn 7.000 Kilometer méi laang a géif ongeféier zéng Deeg méi Zäit an Usproch huelen, sou de Korea Institute for International Economic Policy.

Schonn 2018 war dat weltwäit éischt Containerschëff duerch d'Arktis gefuer. Virun enger Woch war och e chineesescht Frachtschëff "Dubai Tower" vun Ningbo aus, iwwer d'Arktis a Richtung Europa gestart. Esou Faarte si just am Summer méiglech, wann d'Äis genuch zeréckgaangen ass an d'Schëffer ouni Äisbriecher duerchkommen.

Ëmweltschutzorganisatioune gesinn dës Entwécklung allerdéngs kritesch. Si fäerten, datt e méi intensive Schëffsverkéier an der Regioun d'Äisschmëlze weider kéint beschleunegen. E puer grouss Reedereien, dorënner déi däitsch Hapag-Lloyd, déi schwäizeresch MSC an déi franséisch CMA CGM, hu sech dowéinst dozou verflicht, virleefeg op Strecken duerch d'Arktis ze verzichten.

Back to Top
CIM LOGO