"Geomagnéitesch Stierm" erwaartSuitte vu staarke Sonneneruptiounen treffen op d'Äerd

RTL Lëtzebuerg
Wéi den US-amerikanesche Weltraum-Wieder-Prognosezenter mellt, kënnt et de Weekend zu sougenannte "geomagnéitesche Stierm" vun der Kategorie G1 a G2.
E
E
© Preserved Light Photography / Image Source via AFP

Dat si méi geréngfügeg bis moderat Stierm.

Dat ka virop zu Problemer bei der Steierung vu Raumschëffer féieren, ma och zu Problemer am Funkverkéier a méi héije Breedegraden. Duerch dës “geomagnéitesch Stierm” kann een awer eventuell och d’Polarliichter méi wäit südlech vun der Nordpol-Regioun gesinn.

D’Ursaach fir déi “geomagnetesch Stierm” si sougenannt “koronal Massenauswërf” vun der Sonn en Donneschdeg an e Freideg. Dobäi gëtt eng Plasmawollek an d’All geschleidert, déi aus Elektronen, Protonen a bestëmmten Atomkäre besteet.

En Donneschdeg soll dem US-amerikanesche Prognosezenter no eng vun de stäerkste jeemools registréiert Sonneneruptioune gewiescht sinn. D’Resultat hat sech deemno schonn en Donneschdeg op bestëmmt Funkkommunikatioun ausgewierkt.

Zanter Dezember 2019 hëlt d’Aktivitéit vun der Sonn erëm zou. Ongeféier all 11 Joer, an engem sougenannte Sonnenzyklus, ginn et Phase mat méi schwaacher a mat méi staarker Aktivitéit. Am Moment kënnt Sonn engem Maximum ëmmer méi no.

Back to Top
CIM LOGO