JapanTaifun "Jangmi" suergt fir Iwwerschwemmungen a Chaos

RTL Lëtzebuerg
An néng Präfekture sinn am Ganzen 820.000 Persounen opgeruff, hir Haiser ze verloossen. Bis ewell sinn 22 Leit blesséiert ginn.
Taifun "Jangmi" suergt a Japan fir Iwwerschwemmungen a Chaos
An néng Präfekture sinn am Ganzen 820.000 Persounen opgeruff, hir Haiser ze verloossen. Bis ewell sinn 22 Leit blesséiert ginn.

Besonnesch betraff vum Taifun sinn d'Regioune Kinki, Tokai a Kanto, wou zum Deel esou vill Reen gefall ass wéi nach ni virdrun. De japanesche Wiederdéngscht huet an néng Präfekturen op d'mannst 400.000 Stéit mat ronn 820.000 Leit opgeruff, z'evakuéieren. Bis ewell sinn 22 Blesséierter gemellt ginn. Den "Jangmi" ass dee sechsten Tropestuerm vum Joer a Japan, d'lescht Joer waren der 27 gezielt ginn.

De Stuerm suergt fir vill Iwwerschwemmungen a Knascht
De Stuerm suergt fir vill Iwwerschwemmungen a Knascht
© YOMIURI / THE YOMIURI SHIMBUN VIA AFP

Fir de Floss Kozagawa an der Präfektur Wakayama huet de Wiederdéngscht um fréie Mëttwochmoien déi héchste Warnstuf erausginn, dat fir déi éischte Kéier zanter der Aféierung vum neie System Enn Mee. Dat bedeit, datt onmëttelbar Liewensgefor besteet. Trotz enger Rei Iwwerschwemmunge si bis ewell awer keng Doudesaffer gemellt ginn. Och Flëss an der Regioun Kanto, zu där d'Haaptstad Tokio gehéiert, sinn iwwer d'Ufer getrueden, wärend an anere Präfekture Warnunge virun Äerdrutschen erausgaange sinn.

Lokal si fir de Juni nei Rekordwäerter beim Néierschlag gemooss ginn. Donieft si Wandvitessen iwwer 100 Kilometer an der Stonn erreecht ginn - Meteorologe rechne souguer mat Spëtzte bis 160 Kilometer an der Stonn. Och de Verkéier op de Stroossen, op de Schinnen an an der Loft ass vum Taifun betraff. Wéinst den Taifun sinn och verschidden Autobunnem zum Deel gespaart ginn, eng Rei Zich sinn ausgefall, ma am schlëmmste betraff ass d'Aviatioun, mat bal 900 Vollen, déi ausgefall sinn.

De ganze System vum Stuerm beweegt sech mat enger Vitess vu ronn 40 Kilometer an der Stonn a Richtung Ostnordost. D'Autoritéite ginn dovun aus, datt den Taifun e Mëttwoch den Owend no der Kanto-Regioun ëstlech vun der Boso-Hallefinsel op de Pazifik erauszéie wäert. Nieft staarke Schauere gëtt och mat bis zu aacht Meter héije Welle gerechent.

Den Taifun "Jangmi" suergt fir staarke Reen a Wand
Den Taifun "Jangmi" suergt fir staarke Reen a Wand
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Back to Top
CIM LOGO