No Renconter mat US-EmissärenWladimir Putin hält u senge Fuerderunge fest

RTL mat AFP
De russesche President huet donieft westlech Truppen an der Ukrain nom Krich als Bedroung a "legitimt Zil" bezeechent.
Kushner, Witkoff a Putin hu sech zu Moskau fir Gespréicher iwwert e méiglecht Enn vum Ukrain-Krich getraff.
Kushner, Witkoff a Putin hu sech zu Moskau fir Gespréicher iwwert e méiglecht Enn vum Ukrain-Krich getraff.
© VYACHESLAV PROKOFYEV/AFP

D‘US-Emissäre Steve Witkoff an Jared Kushner waren en Donneschdeg de Mëtteg fir eng Entrevue beim russesche President Wladimir Putin. Deen hält weider u sengen Territoiresfuerderungen an der Ukrain fest. Fir Russland géif et just eng méiglech Grenz zu der Ukrain. Déi zanter dem Ufank vum Krich annektéiert Gebidder vun der Ukrain géifen nämlech zu Russland gehéieren, esou de Putin.

Militäresch gesinn ass och no bal fënnef Joer Krich en Deel vun deene Gebidder weider ënner Kontroll vun der Ukrain. Dës refuséiert dann och kategoresch, fir iergendwellech Territoiren u Russland ofzeginn. D'Méiglechkeet vun enger entmilitariséierter Zon tëscht béide Länner huet Moskau refuséiert. Eng méiglech Stationéierung vu westlechen Truppen an der Ukrain nom Krich géing Moskau als Bedroung an als "legitimt Zil" gesinn, sou de Putin a sengem Gespréich mat Kushner a Witkoff, dat op der russescher Staatstëlee iwwerdroe ginn ass.

D‘US-Emissären hunn och iwwert eng méiglech Participatioun vun engem EU-Vertrieder bei den Negociatiounen iwwert en Enn vum Ukrain-Krich geschwat. De Wladimir Putin fënnt allerdéngs, d‘USA sollte mat den Europäer schaffen, fir datt déi sech decidéieren, ob si Krich oder Fridde wéilten. Donieft fuerdert de Putin, datt Europa en offizielle Vertrieder nominéiert.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO