Haus zu Brooklyn an de Koup gefallZuel un Doudege klëmmt op op d'mannst 8

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems zu New York en Haus iwwer dräi Etagen an de Koup gefall ass, klëmmt de Bilan un Doudegen. Donieft gëtt weiderhin no Leit gesicht, déi verschott kéinte sinn.

Nodeems am Quartier Flatbush zu Brooklyn en Haus an de Koup gefall ass, ass d'Zuel un Doudegen op op d'mannst aacht geklommen. 19 weider Leit goufen de Pompjeeën no beim Ongléck blesséiert, ënnert hinnen och Kanner. Véier Leit sinn a Liewensgefor. D'Gebai iwwer dräi Etagë war e Mëttwoch am Nomëtteg an e Lach vun engem Chantier niewendru gefall. D'Ursaach dofir ass nach net gewosst.

Secouristen hunn an den Debrisen no weidere Vermësste gesicht. Eng 250 Leit waren op der Onglécksplaz am Asaz. "Mir wëssen net, wéi vill Leit nach ënnert de Stécker sinn", esou eng Vertriederin vun de Pompjeeën e Mëttwoch den Owend. D'Pompjeeë stéinge virun engem laangem Asaz. Bei der Sich no Leit, déi verschott kéinte sinn, goufen ënnert anerem och Dronen a Sichhënn agesat. Op Biller vun der Onglécksplaz war ze gesinn, wéi Pompjeeën an de Stécker vum Haus gesicht hunn.

De Buergermeeschter vun New York, de Zohran Mamdani, huet de Secouriste fir hiren Asaz Merci gesot. Et géing op der Plaz "onstabil Stécker" a "geféierlech Hielräim" ginn, duerch déi ee misst "virsiichteg" virgoen.

D'Bauautoritéit huet matgedeelt, datt hir Inspekteren op der Plaz wieren, fir d'Biergungsaarbechten z'ënnerstëtzen "an déi baulech Stabilitéit vun de Gebaier ronderëm z'iwwerpréiwen". Dem Chef vun der Autoritéit Ahmed Tigani no haten d'Aarbechter den Ament, wéi d'Haus an de Koup gefall ass, op engem Nopeschgrondstéck geschafft. Fir d'Grondstéck louch deemno eng Bauautorisatioun fir e Gebai iwwer dräi Etagë vir. Eng Autorisatioun fir de Bau vun engem Gebai iwwer néng Etagë géing nach gepréift ginn.

Wéi d'Haus an de Koup gefall ass, hätt sech d'Explosioun wéi eng "Bomm" unhéieren, sot en Aenzeien dem lokale Sender PIX11 News. Hien hätt och Leit héiere jäizen.

Back to Top
CIM LOGO