
Déi dänesch Regierung wëll an den nächste Wochen déi Plaz, op där den éischten EU-Zenter fir Expulsiounen an engem Net-EU-Staat, also engem Drëttland, opgeriicht gëtt, ëffentlech maachen. "Mir kommen der Méiglechkeet méi no, fir en Zentrum ausserhalb vun Europa ze schafen," esou déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen en Donneschdeg um Bord vum Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft zu Dublin. "Mir wäerten nächst Woch méi dozou soe kënnen."
Zanter Méint schaffen Dänemark, Däitschland, Holland, Griichenland an Éisträich um Opbau vun Expulsiounszenteren an Drëttlänner. Do solle Leit ënnerbruecht ginn, deenen hir Demande op en Openthaltsrecht an der EU ofgeleent goufen, déi awer net an hir Hierkonftslänner zeréckgeschéckt kënne ginn.
Als méiglech Länner ginn dacks Ruanda, Uganda oder Usbekistan genannt. Diplomaten no ma och anere Persounen, déi mat de Gespréicher vertraut sinn, ass Ruanda aktuell de klore Favorit.
Vertrieder vun de fënnef EU-Staaten hunn am September Kigali, also d'Haaptstad vum Ruanda besicht, fir Detailer ze beschwätzen, wéi et aus diplomatescher Keeser ze héieren ass. Dono ass am Oktober eng Delegatioun aus dem Ruanda an Europa komm a war och zu Bréissel. Am August hat Kigali confirméiert, datt et "aleedend" Gespréicher zu dësem Thema mat verschiddenen europäesche Länner opgeholl ze hunn.
Géigner un der Reegelung stellen d'Wierkung vun dësen Zenteren a Fro a fäerten, datt "rechtlech schwaarz Lächer", an deenen d'Migranten am Niemandsland kéinte stieche bleiwen, entstinn. Eng Konferenz zum Thema Migratioun ass de 16. a 17. November zu Wien. Do kéint dann och dësen Accord ënnerschriwwe ginn.