Wörth bei Ludwigshafen33 Joer ale Mann huet Bensinn gedronk a randaléiert

RTL mat AFP
E staark alkoholiséierte Mann hat bei Ludwigshafen randaléiert an Bensinn gedronk. De Mann koum an e Spidol, wéi d'Police en Donneschdeg matgedeelt huet.
© RTL

De Virfall war e Mëttwoch de Moien zu Wörth net wäit vu Ludwigshafen ewech geschitt. De staark alkoholiséierten 33 Joer ale Mann hat op enger Tankstell eng Drénkfläsch mat Bensinn gefëllt an en Deel dovu gedronk. Dono huet hien d'Plaz verlooss, ouni awer fir de Bensinn ze bezuelen.

E puer Meter weider huet hien dunn ugefaangen, ze randaléieren. D'Police, déi alarméiert gouf, konnt de Mann bei engem Supermarché an der Géigend lokaliséieren. Well hie schwéier alkoholiséiert war a Bensinn gedronk hat, sollten d'Beamten hien an d'Spidol bréngen. De Mann huet sech awer gewiert a probéiert, fir sech aus de Grëffer vun de Polizisten ze léisen. Hie gouf dono trotzdeem an d'Spidol ageliwwert. Blesséiert gouf der Police no beim Asaz awer keen.

Back to Top
CIM LOGO