
Bei engem weltwäite Policeasaz géint Notzer vum sougenannten Dark Web am Internet sinn Europol no 354 Persoune festgeholl a grouss Quantitéiten un Drogen, Waffen a Boergeld saiséiert ginn. "D'Asätz weisen, datt d'Resilienz vu Maartplazen am Dark Web ëmmer weider zouhëlt, an datt se sech trotz engem Agräifen weider upassen", esou déi europäesch Policeautoritéit en Donneschdeg.
Europol hat déi weltwäit Asätz tëscht Mee 2025 an Oktober mam Numm "Operation TorNado" koordinéiert an honnerte vu Razzien a 14 Länner, dorënner Däitschland, Frankräich, Groussbritannien an d'USA, duerchgefouert. Eleng an den USA goufe bal fënnef Tonnen Drogen esou wéi ëmgerechent 150 Milliounen Euro a Boergeld a Kryptowärunge saiséiert. Do gouf et mat 132 och déi meeschte Festnamen.
Den Dark Web ass den donkele Beräich vum Internet, dee vu Sichmaschinne wéi Google oder Bing net fonnt gëtt. Genotzt gëtt de verstoppten Deel vum Netz vu Leit, déi vill Wäert op hir Privatsphär leeën, awer och vu Kriminelle wéi Drogendealer, Waffenhändler oder Pädophillen.