
D’Schëff hätt iwwert de Golf vum Oman versicht, déi vun den USA installéiert Blockad vun iraneschen Häfen an der Strooss vun Hormus z’ëmgoen, sou den Trump weider. D’Schëff hätt Opfuerderungen, stoen ze bleiwen, ignoréiert, wouropshin d’US-Krichsschëff ugefaangen hätt, ze schéissen. Dobäi wier e Lach an de Maschinneraum gesprengt ginn. D’Frachtschëff “Touska” wier den Ament ënner US-Kontroll. Et wier wéinst “fréieren illegalen Aktivitéiten” scho mat Sanktioune beluecht gewiescht.
D’Situatioun ronderëm d’Hormus-Strooss bleift weiderhin immens ugespaant. E Samschdeg hat den Iran d’Ouverture vum Mierespassage no nëmmen engem Dag nees réckgängeg gemaach, eegenen Aussoen no wéinst der US-Blockad vun iraneschen Häfen.
Den Ugrëff op “Touska” ass kuerz virum Auslafe vun der Wafferou tëschent den USA an dem Iran geschitt, déi e Mëttwoch op en Enn goe soll. E Méindegowend solle Vertrieder vu béide Länner d’Friddensverhandlungen a Pakistan weiderféieren, vun Teheran heescht et entretemps allerdéngs, et géif “den Ament keng Pläng” ginn, fir un esou Negociatiounen deelzehuelen. Eng éischt Verhandlungsronn ënner pakistanescher Vermëttlung virun enger Woch hat kee Succès.
Als Reaktioun op d’Attack op dat iranescht Frachtschëff huet Teheran iwwerdeems wësse gedoen, datt ee geschwënn zeréckschloe wäert. D’Attack wier “en Akt vun arméierter Piraterie”.