Nei Spannunge mat SüdkoreaNordkorea test op en Neits ballistesch Rakéiten

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et aus Südkorea heescht, huet Nordkorea e Sonndeg op en Neits Rakéite getest an domat d'Spannungen an der Regioun verstäerkt.
Nordkorea hat südkoreanischen Angaben zufolge am Sonntag erneut Raketen getestet - und damit die Spannungen in der Region verstärkt. Das Verteidigungsministerium sprach von "Provokationen". Das Präsidialamt in Seoul berief eine Krisensitzung ein.
Wéi et aus Südkorea heescht, huet Nordkorea e Sonndeg op en Neits Rakéite getest an domat d’Spannungen an der Regioun verstäerkt.
© AFP

Déi südkoreanesch Arméi hätt moies “e puer net identifizéiert ballistesch Rakéiten” entdeckt. De Verdeedegungsministère huet vu “Provokatiounen”, déi d’Spannunge verschäerfen, geschwat. De Presidentebüro zu Seoul huet wéinst de Rakéitelancementer eng Krisesëtzung aberuff.

D’Rakéite wieren e Sonndeg géint 6.10 Auer (Lokalzäit) vum Gebitt Sinpo an Nordkorea a Richtung Ostmier geschoss ginn”, heescht et weider vum der südkoreanescher Arméi. Se wieren eng 140 Kilometer wäit geflunn a géingen elo vu Südkorea an den USA detailléiert analyséiert ginn.

Weider heescht et, Seoul géing zesumme mat sengem Sécherheetspartner, den USA, un enger “decisiver gemeinsamer Verdeedegungshaltung” festhalen a géing “op all Provokatioun mat aller Häert reagéieren”.

Nordkorea hat an dësem Mount schonn e puer Mol Waffentester gemaach, getest gouf nieft Rakéiten och Streemunitioun. Mëtt Abrëll war den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un bei engem Test vu strateegesche Marschfluchkierper, déi vun engem Marinnschëff aus geschoss goufen.

De Kim Jong Un hat fir dës Joer eng “Erweiderung” a Moderniséierung vun der nordkoreanescher Rakéiteproduktioun annoncéiert. De Staatschef wéilt Insider no ausserdeem d’Marinn ausbauen. E südkoreaneschen Deputéierten huet op Basis vu Satellittebiller vun enger US-Geheimdéngschtfirma dëse Mount nach erkläert, datt Nordkorea d’"Moderniséierung vu senger Marinn dank militärescher Ënnerstëtzung aus Russland” acceleréiere géing.

Experten no weist Nordkorea mat de Waffentester Versich vu Südkorea zréck, déi ugespaant Relatiounen tëscht béiden Nopeschlänner nees ze verbesseren. Am Januar hat d’Regierung zu Seoul offiziell bedauert, datt zivil Dronen an den nordkoreanesche Loftraum agedronge waren.

D’Schwëster vum Kim Jong Un, d’Kim Yo Jong, hat dat virop als “immens glécklech a weis” gelueft. Méi spéit hat e ranghéijen nordkoreanesche Fonctionnaire de Süden dann awer nees als “de Staat”, dee “Pjöngjang am feindlechste gesënnt” war an huet domat eng Bezeechnung opgegraff, déi de Kim Jong Un ëmmer nees benotzt.

D’südkoreanesch Verdeedegungsministesch huet Pjöngjang no den neie Rakéitentester e Sonndeg opgefuerdert, “seng widderhuelt Rakéiteprovokatiounen, déi d’Spannunge verschäerfen, direkt ze stoppen”. Amplaz soll sech Nordkorea “aktiv un de Beméiunge vun der südkoreanescher Regierung ëm d’Hierstellung vum Fridde bedeelegen”.

Back to Top
CIM LOGO