Fir déi 11. Nuecht hannertenee gouf et nees Loftattacke vum US-Militär am Iran. Fir déi éischte Kéier war et och nees Explosiounen an der Haaptstad Teheran ginn. Wéi et vun den iranesche Staatsmedien heescht, wier an der Groussregioun, wou 15 Millioune Mësnche liewen, d’Loft-Defense aktiv gewiescht. Op anere Plazen am Land goufe militäresch Asaz-Zentralen a Fliger-Hangaren ugegraff.
Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth hat en Dënschdeg am Senat zu Washington och nei Zuele genannt, wat den Irankrich d’USA bis ewell kascht huet: 37,5 Milliarden Dollar. Dat ass méi wéi bis ewell geduecht. Den Hegseth wëll och weider Sue fir de Krich an huet en zousätzleche Budget vu 67 Milliarde fir de Verdeedegungsministère gefrot.
Den Donald Trump huet och alt nees dem Iran gedreet, datt een zivil Infrastruktur géif zerstéieren. Dat wär e Krichsverbriechen, hunn d’Vereenten Natioune gewarnt.