
Déi aktuell Erlabnis dierft domat an der Nuecht op e Samschdeg auslafen. Den Trump hat gewarnt, datt et dann dësem Fall méiglech Sécherheetsrisiken zum Beispill bei der Futtball-WM kéint ginn.
Eng zentral Passage aus dem sougenannte "Fisa-Gesetz" vun 1978 erlaabt et der US-Regierung, ouni Grond an ouni riichterleche Beschloss verdächteg Auslänner ze iwwerwaachen. Den Trump hat d'Deputéiert opgeruff, dës Méiglechkeet fir d'éischt emol ëm dräi Wochen ze verlängeren. Eng Majoritéit vun den oppositionellen Demokraten an 19 Republikaner haten allerdéngs dogéint gestëmmt.
Hannergrond ass ee Sträit ëm den designéierte Geheimdénschtkoordinateur Bill Pulte. Den Trump hat den a Saache Spionage komplett onqualifizéierten Immobilienexpert Pulte als provisoreschen Nofollger vun der Tulsi Gabbard ernannt, déi wéinst enger Kriibs-Diagnos bei hirem Mann zeréckgetruede war. D'Demokraten hu viru Gefore fir déi national Sécherheet gewarnt, ma och Republikaner aus dem Trump sengen eegene Reien hunn d'Nominatioun kritiséiert.
Op der Sich no engem Kompromëss hat den Trump gebieden, d'Verlängerung vum Spionagerecht fir d'éischt emol ëm dräi Wochen ze verlängeren, bis ee festen Nofollger fir der Tulsi Gabbard hire Poste fonnt wier. Dat wier virop am Kader vun der WM an der 250-Joer-Feier vun den USA onheemlech wichteg, esou den Trump. Ma den Appell war ouni Erfolleg.
D'Futtball-WM geet en Donneschdeg lass a gëtt bis den 19. Juli an den USA, a Mexiko an a Kanada gespillt. Och fir d'Feier fir 250 Joer Onofhängegkeet vun den USA gi sech Millioune Leit zu Washington erwaart.
Virun der WM hat d'Trump-Regierung et schonn engem somalesche WM-Schidsriichter an enger Rei iraneschen Delegatiounsmemberen d'Arees verweigert an dat mat Sécherheetsbedenke begrënnt. Fans aus dem Iran, Haiti, der Elfenbeinküst an dem Senegal kréien der Organisatioun "American Immigration Council" no och keng Visa.