
Am Oste vum pazifeschen Ozean, virun der Küst vun de Länner, soll eent vun de gréissten an aarteräichste Mieresschutzgebitter vun der Welt entstoen. Dat hunn d’Presidente vun de véier Memberstaaten um Uno-Klimasommet zu Glasgow matgedeelt.
Déi nei Schutzzon soll scho bestoend geschützten Arealer verbannen an de Beräich däitlech erweideren. D’Zon wäert d’Galapagos-Insele mat der kolumbianescher Insel Malpelo an de Cocos- a Coiba-Insele verbannen. D’Insele sinn d’Heemecht vun honnerte Mieresdéieren a Vugelsaarten.
D’Gebitt soll am Ganzen eng Fläch vu méi wéi 500.000 Quadratkilometer hunn. Hei soll dann eng Plaz am Ozean entstoen, wou sech Deckelsmouken, Waler, Fësch, Haien an aner Aarten ongestéiert beweege kënnen. Ënnert anerem soll den industrielle Fëschfang an der Schutzzon an Zukunft verbuede sinn.
D’Presidente vun de véier Länner sinn der Meenung, datt een handele misst, amplaz nëmmen iwwert Moossnamen ze schwätzen. Dowéinst setze si hir Beméiungen elo ëm, déi Panama, Kolumbien, Costa Rica an Ecuador schonn 2004 an enger éischter Deklaratioun ënnerschriwwen haten, déi hir Inselgebitter am Pazifik schütze sollt.
Nieft deene véier Länner hunn awer och weider Staaten zu Glasgow erkläert, de Schutz vun hire nationale Gewässer stäerken ze wëllen. Den Ëmweltschutzorganisatioune ginn d’Zousoe vun de Staaten allerdéngs net wäit genuch, fir d’Zerstéierung vun den Ozeanen opzehalen. De Schutz vun den Ozeanen ass och als eent vun de 17 Uno-Nohaltegkeetsziler festgeluecht. Eigentlech hätte bis Enn 2020 zéng Prozent vun der weltwäiter Mieresfläch geschützt sollte ginn. De Moment stinn awer nëmme siwe Prozent ënner Schutz.