D’Nuklearkatastroph, bei där de Reakter vum Block 4 explodéiert war, gëllt als bis ewell weltwäit schroosten Accident an engem Kär-Kraaftwierk. En Ongléck, iwwert dat een deemools nëmmen no an no gewuer ginn ass, an dat bis haut Konsequenzen huet.
Obwuel d’Katastroph schonn an der Nuecht vum 26. Abrëll geschitt war, ausgeléist duerch en Sécherheetstest, bei deem sou munches schifgaangen ass, gouf eréischt iwwer 60 Stonnen dono vun engem Tëschefall zu Tschernobyl geschwat. 2 Woche laang huet et aus dem zerstéierten Reakter geflaamt a gedämpt. Radioaktiv Deeler goufen an Loft geschleidert an si mam Wand iwwer Europa verdeelt ginn.
De 4. Mee war et am “Hei Elei” dës Nouvelle:
“Tschernobyl: Éischt Konsequenzen no der Reakter Katastroph an der sowjetescher Ukrain och elo zu Lëtzebuerg. Nom Reen vu gëschter Nomëtteg an Owend recommandéiert de Lëtzebuerger Strahle-Schutz elo eng Réi präventiv Moossnamen.”
D’Ausmooss vun der Katastroph ass eréischt vill méi spéit kloer ginn.
Virun allem d’Mataarbechter aus dem Kraaftwierk a Pompjeeën hunn iwwer Deeg versicht, d’Katastroph esou minim wéi méiglech ze halen, ware sech allerdéngs der Gefor, där se ausgesat waren net bewosst. 28 vun hinnen sinn bannent Deeg a Wochen gestuerwen.
Offizielle Chifferen no wieren 31 Mënschen ëm d’Liewe komm. Allerdéngs betounen Experten, datt dëst just d’Aarbechter sinn, déi direkt nom Ongléck verstuerwe sinn.
D’Weltgesondheetsorganisatioun geet dovun aus dat iwwer 4.000 Mënschen un de Konsequenzen vun der Strahlung gestuerwen sinn, haaptsächlech duerch Schilddrüsekriibs a Leukemie.
Duerch d’Ongléck gouf deemools eng Fläch vun 150.000 Quadratkilometer a Wäissrussland, der Ukrain a Russland kontaminéiert.
D’Regioun ëm Tschernobyl ass bis haut eng Spärzon, an där virun iwwer 2 Wochen e Bëschbrand ausgebrach ass, deen nach ëmmer net komplett geläscht konnt ginn.
Wéinst dem Brand goufe scho Radioaktivitéitswäerter gemooss, déi 16 mol méi héich si wéi normal.