
Et sinn Impressiounen, déi aktuell an de soziale Medien den Tour maachen. Op enger Party fir Jugendlecher héiert ee Jonker, rassistesch Parole sangen. Zum bekannte Lidd “L’Amour toujours”, sange si “Deutschland den Deutschen, Ausländer raus”. Géintiwwer de Medie sot de Bedreiwer vum “Blue Velvet”, datt op der Party eng 100 bis 150 Kanner a Jugendlecher vun 11 Joer u waren. Hie géif och bedaueren, wat hei geschitt ass a wéilt an Zukunft säi Personal besser op esou Situatioune virbereeden, datt ee méi séier agräife kann.
Am Netz suergt dës Situatioun fir vill Opreegung. De Ministerpresident Woidke huet kritiséiert, dass et zwou Widderhuelunge vum Refrain gebraucht huet, iert eng Persoun intervenéiert ass. “Jugendlecher grölen Nazi-Parolen a kee gräift an. Ech kann et net gleewen”, sou de Ministerpresident.
Et ass net déi éischte Kéier, datt d’Lidd “L’Amour toujours” fir rassistesch Parole mëssbraucht gouf. Schonn 2024 hat e Video, deen an enger Bar op Sylt opgeholl gouf, fir vill Kritik gesuergt. Hei hate jonk Erwuessener zum Refrain, dee keen Text huet, déi selwecht Parole geruff, wéi elo dëst Kéier d’Kanner a d’Jugendlecher.