
Aus dem Osten vun der Ukrain ginn zanter de leschte puer Deeg schwéier Kämpf tëscht de Russen an der ukrainescher Arméi am Donbass gemellt. D’Ukrainer schwätzen vun héije Verloschter op russescher Säit. An Zäit vu 24 Stonne wieren 1.240 russesch Zaldote blesséiert oder ëmbruecht ginn. Onofhängeg ze iwwerpréiwe sinn des Zuelen net.
Verschidden Militärobservateuren zéien dorausser d’Conclusioun, datt déi éischt Fréijoersoffensive vun de Russen ofgewiert gi wier. Et kéint awer och sinn, datt déi russesch Arméi mat dësen éischten Attacken hir Fréijoers- a Summeroffensive elo mol douce virbereet. An der Nuecht huet déi russesch Arméi hirersäits eng grouss Dronenattack aus der Ukrain gemellt. 283 Dronen wieren dobäi ofgefaange ginn.