Fir Schëffer, déi schonn ënnerwee sinnUS-Finanzministère setzt Sanktiounen op iranesche Pëtrol provisoresch erof

RTL Lëtzebuerg
Zanter kuerzem dierf och nees russesche Pëtrol verkaf ginn, ouni datt een US-Sanktioune muss fäerten.
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

Fir de Präisschock op der Bourse ofzefiederen an d’Mäert ze berouegen, huet den amerikanesche Finanzministère provisoresch d’Sanktiounen op iraneschem Pëtrol gelackert. Et geet konkret ëm dee Pëtrol, dee schonn op Schëffer ënnerwee ass. De Gros dovunner geet a China an an Indien.

Zanter kuerzem erlaben d’USA och, datt russesche Pëtrol ouni Strof den Ament verkaf ka ginn. Hannergrond ass d’Blockade vun der sougenannte Strooss vun Hormus am Persesche Golf, duerch déi d’Präisser vun de fossille Brennstoffer rasant an d’Luucht gaange sinn.

Back to Top
CIM LOGO