Sportsclub a "Kommunikatiounsgebai" getraffDronenattack op ee Wunnquartier an der irakescher Haaptstad Bagdad

RTL mat AFP
Zil vun der Attack wier e Gebai gewiescht, andeem Membere vun den irakesche Sécherheetsautoritéiten, déi mat den USA zesummeschaffen, hire Sëtz hunn.
Archivbild vun engem Won vun der irakescher Arméi zu Bagdad.
Archivbild vun engem Won vun der irakescher Arméi zu Bagdad.
© AHMAD AL-RUBAYE/AFP

Matten am Iran-Krich ass den irakesche Sécherheetsautoritéiten no e Wunnquartier zu Bagdad Zil vun enger Dronenattack ginn. D’Attack war e Samschdeg de Moien um 10 Auer Lokalzäit also 7 Auer eiser Zäit.

Eng Dron hätt e “Kommunikatiounsgebai” getraff. Am Gebai war Personal vun den irakesche Sécherheetsautoritéite respektiv dem Opklärungsdéngscht ënnerbruecht, déi am Kader vun der Koalitioun, déi vun den USA gefouert gëtt, géint d’Dschihadistemiliz IS kämpfen a mat US-Sécherheetsberoder zesummeschaffen.

D’Noriichtenagence AFP krut d’Informatioun, datt eng weider Dron an engem private Sportsclub, dee bei der irakescher Uewerschicht a bei auslänneschen Diplomate ganz beléift ass, ageschloen huet. Wéi et heescht, hätt dës Dron den Impakt vun der éischter Dron gefilmt a wier dono iwwert dem Sportsclub erofgefall.

Zanter dem Ufank vum Iran-Krich beschéisse pro-iranesch Milizen ëmmer nees Ziler zu Bagdad, dorënner de Fluchhafen an Ariichtungen, déi vum US-Militär genotzt ginn. Och am Norde vum Irak, an der Regioun, wou d’Kurde liewen, koum et ëmmer nees zu Attacken. Och dës Ugrëffer ginn de pro-iranesche Gruppen zougeschriwwen.

Zanter Enn Februar gëtt den Iran, en Nopeschland vum Irak, jo massiv un den USA a vun Israel aus der Loft attackéiert. Teheran huet zanterhier mat Géigenattacken op Israel, verschidde Golfstaaten an US-Arrichtungen an der Regioun reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO