
Déi US-amerikanesch Regierung huet verschidde Länner no enger Milliard US-Dollar gefrot, fir eng permanent Plaz a sengem sougenannte “Friddensrot” ze kréien, dee Konflikter op der Welt léise soll. An der Charta, an déi d’AFP elo Asiicht krut huet, gouf d’Roll vum neie Gremium awer net nëmmen op d’Iwwerwaachung vum Neiopbau an der Gazasträif beschränkt.
An der Grënnungscharta ass festgehalen, datt de Friddensrot vum Donald Trump geleet gëtt. Et wier “eng international Organisatioun, déi sech fir d’Fuerderung vun der Stabilitéit, d’Restauratioun vun enger verlässlecher an uerdnungsgemässer Regierungsféierung an d’Sécherung vun engem dauerhafte Fridden a vu Konflikter betraffenen a menacéierte Regiounen asetzt”, sou steet et an der Preambule vun der Charta, déi elo un eng Rei Staate geschéckt gouf. Se géif “am Aklang mam Vëlkerrecht friddensfuerderend Aufgabe wouerhuelen”, heescht et weider.
Den Trump ass President a soll gläichzäiteg och “separat als éischte Vertrieder vun den USA fungéieren”. De President huet déi “exklusiv Erlabnis, Duechtergesellschaften ze grënnen, ze änneren oder opzeléisen, wann dëst zu der Erfëllung vun den Aufgabe vum Friddensrot noutwenneg oder räsonabel ass”, steet et am Dokument geschriwwen. Hie wäert d’Membere vun engem Exekutiv-Gremium wielen, an deem “d’Féierungskräfte vu globalem Rang” si sollen an déi “eng Amtszäit vun zwee Joer hunn, ënnert dem Virbehalt, datt se vum President nees kënnen ofgeruff ginn”. Hie kann dann och “am Numm vum Friddensrot [...] Beschlëss oder aner Richtlinnen decidéieren”. Nëmmen am Fall vun “engem fräiwëllege Récktrëtt oder wéinst Aarbechtsonfäegkeet” kann de President ersat ginn.
Memberstaate musse vum US-President invitéiert ginn a wäerte vum jeeweilege Staats- oder Regierungschef representéiert ginn. All Member “soll eng Amtszäit vu maximal dräi Joer” hunn, heescht et an der Charta. Ma “de Maximum vun dräi Joer soll net fir déi Staate gëllen, déi méi wéi 1 Milliard US-Dollar bannent dem éischte Joer zum Friddensrot bäidroen”. De Gremium soll dann op d’mannst ee Mol am Joer fir Ofstëmmungsëtzungen zesummefannen, bei deenen all Memberstaat jeeweils ee Vote huet. Obwuel all d’Decisiounen “d’Majoritéit vun de Memberstaate brauch, déi present sinn an ofgestëmmt hunn”, musse se ëmmer och dem “Accord vum President” ënnerleien, deen am Fall vun enger Stëmmegläichheet zousätzlech och eng Stëmm ofgi kann.
D’Wäisst Haus huet bekannt ginn, datt follgend Membere vun den USA dobäi sinn:
Un dës Staatscheffen a Länner gouf bis ewell eng Invitatioun geschéckt. D’Lëscht vun de méigleche Memberstaaten ass an der Unzuel awer net beschränkt. Et kënnen der also och nach bäikommen.
A Kraaft triede soll de Friddensrot, soubal “d’Zoustëmmung vun dräi Staaten” virläit.