
Zu Rastatt-Niederbühl am däitsche Bundesland Baden-Württemberg sinn néng Leit blesséiert ginn, wéi e Blëtz an en Zeltlager op engem Sportsterrain ageschloen ass. Dat mellt den däitschen SWR.
Wéi ee vun engem Spriecher vun der Police gewuer gi wier, hätt an der Nuecht op e Samschdeg de Risk bestanen, dass d'Zelter wéinst engem Wieder géif fortfléien. E puer Persounen hätten dowéinst versicht, d'Zelter ze sécheren. Deem Amant wier de Blëtz ageschloen. Aacht Erwuessener an en 13 Joer aalt Kand wiere blesséiert ginn. Eng Persoun hätt schwéier Verletzungen dovu gedroen, déi awer net liewensgeféierlech wieren. Sechs vun de blesséierte Persoune wieren an d'Spidol komm.
Iwwerdeems schreiwen eng Rei däitsch Medien, dass de Southside-Fedtival zu Neuhausen e Freidegowend wéinst dem Wieder géint 19 Auer huet mussen ënnerbrach ginn. Um 22 Auer ass et da mat engem gekierzte Programm weidergaangen.