
Vum 31. Oktober bis den 12. November ass et déi 26. Weltklimakonferenz, och bekannt als COP26. Och Lëtzebuerg ass vertrueden.
An der schottescher Stad gëtt déi nächst zwou Woche probéiert, d‘Mesuren am Kampf géint d’Klimakris weider virun ze dreiwen. Zanter 1995 treffen sech hei mëttlerweil 197 Länner fir iwwert d‘Zukunft vum Planéit ze debattéieren.
2019 hate sech honnerte Klimaaktiviste versammelt, fir méi drastesch Konsequenzen ze fuerderen. 2019 war effektiv enttäuschend, esou d‘Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
„Ech hoffen, datt mer et fäerdeg bréngen. Souwuel wat d‘Negociatiounen ugeet, ma och den Niveau un Ambitiounen ze drécken, esou datt mer herno kënne soen, datt et dës Kéier besser gelaf ass. Dat wier batter néideg fir et all deenen, déi Freides op d‘Stroosse ginn an och deenen déi sech zanter Jore fir d‘Klima asetzen, ze weisen, datt mer endlech en Duerchbroch, en Erfolleg bei den Negociatiounen haten.“
Knapp 24 Méint méi spéit gi sech gréisser Annoncë beim zeréckschrauwe vu CO2-Emissiounen aus all méigleche Länner ronderëm d‘Welt antizipéiert. Virun allem gemeinsam Zäitpläng wieren néideg, esou déi gréng Ministesch.
„Mir hunn an Europa an och als Lëtzebuerg eis Ambitiounen eropgesat ob eng Reduktioun vu 55 Prozent. D‘Klimaneutralitéit ass bei eis scho méi laang en Zil. Et ass wichteg, datt all d‘Natiounen hir Ambitiounen elo eropsetzen. Et ass wichteg, datt mir do an deene 5-Jores-Cycle bleiwen, déi mer am Paräisser Klimaofkommes virgesinn haten. An datt mer reegelméisseg méi Ambitioune presentéieren, fir der Klima-Urgence Rechnung ze droen.“
Eng global Erwiermung vun 1,5 Grad méi ewéi virun der Industrialisatioun. D‘Zil vum Paräisser Klimaschutzofkommes ass engem UN-Rapport vu September no ouni en direkt Ëmdenken net méi ze erreechen. Aktuell steiert een op 2,7 Grad bis 2100 duer.