Ebola-Kris am KongoWHO schwätzt vun enger Course géint d'Zäit

Ryck Thill
D'Weltgesondheetsorganisatioun schléit Alarm. Am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo breet sech Ebola weider aus. Den Ausbroch gouf eréischt spéit erkannt, vill Infektiounskette sinn nach ëmmer net bekannt.
Ebola-Kris am Kongo - WHO schwätzt vun enger Course géint d'Zäit
Am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo klëmmt d'Zuel vun den Infektiounen zanter Wochen. Et gi schonn 82 Doudesfäll.

452 confirméiert Ebola-Fäll an 82 Doudeger. Am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo klëmmt d'Zuel vun den Infektiounen zanter Wochen. D'Weltgesondheetsorganisatioun geet dovun aus, datt vill Fäll nach net entdeckt goufen. No éischten Erkenntnisser kéint de Virus sech schonn zanter Ufank vum Joer onbemierkt verbreet hunn, ier den Ausbroch am Mee erkannt gouf.

Aktuell ginn nëmme ronn 45 Prozent vun de bekannte Kontakter iwwerwaacht. Fir d'Epidemie an de Grëff ze kréien, missten et der WHO no méi wéi 90 Prozent sinn.

En anere Problem ass d'Mësstraue vu villen Awunner géintiwwer den Autoritéiten an de Gesondheetsdéngschter. Falsch Informatiounen a schlecht Erfarunge mat staatlechen Institutioune féieren dozou, datt Kranker dacks ze spéit medezinesch Hëllef sichen.

D'Situatioun gëtt duerch déi schwiereg Konditiounen op der Plaz nach verschäerft. Déi betraffe Provënzen Ituri, Nord-Kivu a Süd-Kivu gehéieren zu den onstabilste Regioune vum Land, mat arméierte Konflikter a Millioune Flüchtlingen.

International Hëllefsorganisatiounen an d'WHO bauen hir Ënnerstëtzung dofir massiv aus. Nei Laboe sollen Diagnose beschleunegen, zousätzlech Behandlungszentre ginn opgebaut an Hëllefsgidder ginn iwwer eng Loftbréck an d'Kriseregioun transportéiert.

D'Suerg geet mëttlerweil och iwwer d'Grenze vum Kongo eraus. Och am Nopeschland Uganda goufe schonn 19 Ebola-Fäll an een Doudesfall confirméiert. Parallel dozou schaffen international Fuerscher mat Héichdrock un enger Impfung géint d'Bundibugyo-Variant.

Back to Top
CIM LOGO