
D'Negociatiounen am Pakistan fir en Enn vum Iran-Krich goufen ofgebrach. Den US-President Trump huet d'Rees vu sengen Negociateure Witkoff a Kushner ofgesot. Dat mellt de Fernsehsender Fox News. Den US-President hätt sengen Negociateure gesot, datt si keng weider "18-Stonne-Flich" zu de Gespréicher a Pakistan maache sollten, "fir do ronderëm ze sëtzen a sënnlos ëm de Bräi ze schwätzen".
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi hat sech zu Islamabad mam pakistanesche Chef vun der Arméi Asim Munir getraff. De Munir spillt eng wichteg Roll bei de Vermëttlungen tëscht den USA an dem Iran. Och mam pakistanesche Ministerpresident Shebaz Sharif gouf et en Treffen.
Doropshin huet den Iran wësse gedoen, et géing ee keng Maximalfuerderunge vu Säite vun den USA oder Israel akzeptéieren, mee just Kompromësser consideréieren. Den iraneschen Ausseminister Araghtschi huet Islamabad no de Gespréicher mat de pakistanesche Vertrieder direkt verlooss.
Eng US-Delegatioun soll dann elo och net méi an de Pakistan reesen. Déi iranesch Vertrieder kéinten awer "zu all Ament uruffen", wéi hien op Fox News sot.
Eigentlech waren d'Vertrieder Steve Witkoff an Jared Kushner schonn um Wee Richtung Islamabad sinn. Den iraneschen Ausseminister ass schonn zanter e Freideg an der pakistanescher Haaptstad.