''Et ass ganz wichteg ze verstoen, dass et direkt a Kraaft getrueden ass. Dat heescht, dass zum Beispill wann Impfungen amgaange waren an et gouf eng Waardeschlaang, dee Moment, wou den Ordre erakomm ass, déi Leit, déi nach am Sall waren, fäerdeg geimpft gi sinn. Mee déi Leit, déi virun der Dier stoungen, sinn heemgeschéckt ginn. Mir schwätzen hei vun engem Impakt immediat vun der Gesondheet op warscheinlech zwanzeg Millioune Leit, vun deene geschätzt 500.000 Kanner sinn. Déi elo direkt keng medezinesch Versuergung méi hunn. En anert Beispill ass, dass Liewensmëttelspenden, déi schonn ënnerwee waren, elo net dierfen ausgeliwwert ginn. A mir schwätzen hei vun Nahrungsmëttel, déi an engem Schëff, an engem Hafe virun sech hirotten, fir insgesamt ongeféier 36 Millioune Leit, déi dat elo nëmme kréien. '' sou de Sebastian Weier vum Cercle de Cooperation du Luxembourg.
Dem Impakt eleng op den afrikanesche Kontinent kéint dramatesch sinn.
Mat bis zu 5 Millioune Mënschen, déi méi stiewe kéinten, well se keng medezinesch Versuergung, keen Zougang zu enger uerdentlech Ernierung méi hunn. An den Ae vum Lëtzebuerger Minister fir Kooperatioun, Xavier Bettel, mécht d’Administratioun Trump, an deem se eng 50 Milliarden Dollar d’Joer spuere well, eng Rechnung, déi um Enn no opgoe wäert.
''Vläicht spuert een haut vill. Mee muer gëtt d’Rechnung vill méi deier. An da muss iergendeen dofir opkommen, wann ee manner Sécherheet huet, méi Krankheeten huet, méi Onsécherheet, méi Fanatismus, méi Leit, déi Onstabilitéit bréngen. Wéi einfach ze soen, komm mir, kucke wéi mer à moyen terme à long terme kucken. Kuerz Terme an der Politik kënnt vläicht bei de Wieler un, mee hëlleft der Saach net vill. ''
Fest steet, de Kaalschlag bei USAID wäert och en Impakt op d’Aarbecht vun ONGen hei zu Lëtzebuerg hunn.
De Sebastian Weier vum Cercle de Cooperation du Luxembourg erkläert firwat: ''Well Lëtzebuerger ONGen an och LUXDEV hu vill mat USAID geschafft a mat ONGen, déi fir den USAID finanzéiert goufen. Fir elo schonn ze soen, wat et ganz genau ass, ass e bësse schwéier. Well d’Partenairen deelweis selwer, also d’ Partenairë vun den USAID deelweis selwer nach net genau wëssen, wat mat hinne geschitt ass. Bezéiungsweis net onbedéngt direkt wëlle kommunizéieren, dass si keng Finanzementer méi hunn, well da ginn hir Projete quasi ofgeléist, well d’Leit da sech aner Partenairë siche ginn. Dat heescht, mir wëssen et gëtt en Impakt, well et ass e wichtege Partner. Mee mir kënnen nach net genau bezifferen, wat wierklech dann elo an der nächster Zäit geschitt. ''
Fest steet och schonn, dat Europa, d’Europäesch Unioun, grad elo, wou ënner anerem méi Geld an d’Verdeedegung fléisst, d’Lach, wat USAID léisst, net opfänke kann.
De Minister fir Kooperatioun, Xavier Bettel: ''D’EU muss kënnen asprangen, mee awer och mat deene Moyenen, déi se huet. Well wann eng Kéier e Land Reegelen huet, wou se gesot kréien, si dierften net esou esou vill Defizit hunn, etc., et kann awer net, also d’Maison Mère, also déi Kommissioun, déi jo do ass, fir dass mir Reegelen halen, op eng Kéier selwer d’ Reegelen net méi anhalen. An dowéinst sinn do och Limitten do. Mee d’international Solidaritéit muss zielen. Mee ech gesinn éischter am Moment Leit, déi sech an e Lach verstoppen, wéi de Fanger eraus strecken, fir ze soen, komm mir kucken, wat mer kënne maachen. ''
De Sebastian Weier gëtt och ze bedenken, dat USAID vill Geld an d’eegen Ekonomie, an den USA investéiert huet. An deem iwwer d’Agence zum Beispill Nahrungsmëttel bei amerikanesche Bauere kaf goufen, déi dann exportéiert goufen. Recetten, déi elo och ewechbriechen.