AFPZuel vu Corona-Doudegen e Mëttwoch weltwäit um héchsten Niveau

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 24 Stonne si weltwäit 18.109 Mënschen un oder mam Coronavirus gestuerwen.

D’Zuel vun den deegleche Corona-Doudegen huet domat en neien Héchststand erreecht, wéi d’Noriichtenagence AFP ausgerechent huet.

An der Woch vum 20. bis de 26. Januar sinn 101.366 Corona-Doudeger gemellt ginn an domat am Schnatt ronn 14.000 den Dag. Domat wier et déi schlëmmste Woch zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie viru gutt engem Joer.

Déi meescht Doudesfäll ginn et aktuell an den USA, viru Mexiko, Groussbritannien, Brasilien an Däitschland. D’Gesamtzuel vu Corona-Doudegen zanter dem Ufank vun der Pandemie ass en Dënschdeg op 2,16 Millioune weltwäit an d’Luucht gaangen. Am Ganze goufen iwwer 100 Millioune Corona-Infektiounen nogewisen.

Back to Top
CIM LOGO