Léif RTL.LU-Lieser a Frënn vun RTL

Et ass eng gutt Saach fir d’Lëtzebuergescht, datt sech ELO (och offiziell) ëmmer méi drëm bekëmmert gëtt, wéi apaart eis Sprooch da wierklech ka sinn. Et ass eent vun de beschten/einfachste (sozio-pädagogesche) Mëttele fir äis selwer drop ze ‘stoussen’, datt eisen Idiom en eegene Piedchen trëppelt…Dat geschitt ower ewell op d’mannst 25 Joer! Bewäis : 275 KLACKEN; hei op RTL.LU 500 Samschdeg-Artikele beim Luc Marteling; e ganze Koup Beispiller (souguer mat D-F-Iwwersetzung) am Bichelchen ABEEJO…dat iwregens nach ëmmer ze kréien ass.
Ech hunn nach DAUSENDE vu lëtzebuergesche Sätz ‚op der Lee‘, déi genee op deer Schinn lafen; déi ka jidderee bei mir kréien, deen d’Saach gär zerguttst upaakt. Geld hunn ech dobäi net am Schna!
Et geet ëm e Goldstéck vun eiser Identitéit; zugudderlescht ëm de Respekt, dee mir dofir kréien.
Lex Roth