Ugeduëcht, patati a bliblablu

Yiiiiipiiih, de Wiëler gett nees äusgegruëwen. D’Leit äus der Politik balzen ewéi freiher d’Bonimenteuren an d’Cameloten op der Fouer an der Schefferallee.
Onschëlleg Bierger kréiën ongefroot ee gefillten Baambësch an d’Bréifkëscht gedruddelt ; do hëlleft och « Keng Reklamen » näischt, dofiir hëlleft ët awer hoffentlech den lokalen Dreckereiën.
Op all Croissantsparty an Dëppefest wärten ët also vill blo Platzen ginn fir mat op d’Foto oder an d’Bild ze kommen.
All Haifëschbaseng huët och wéi ëmmer säi Waalprogramm deen meeschtens äus enger Lëscht à la Prévert besteet. Elo awer mat engem neien Sproochenelement : Ugeduëcht. Dëst Zauberwuërt erlaabt ët den Toutologen (déi, di alles wëssen), hir Lëscht no Gusto ze erweideren : näischt ass méi äusgeschloss, alles ass abegraff well et ass jo « ugeduëcht ».
Op eemol huët jiddereen d’Léisung fir bezuëlbare Wunnräum, stabil Kaafkraft, Sëcherheet, Barrièrefräiheet iwerall an esuguer fléissende Verkéiër fir dass mir eis Staukabinn endlech erëm Auto nenne kënnen. Well daat alles ass natirlech mat ugeduëcht.
Eis Toutologen mengen wuël dass dem Wiëler seng 5 bäschte Johren d’zweet Schöuljoer waren.
Ët ass keen ee Fatzbeidel just wëll hien oder hat Politik mëcht. Mir mussen awer oppassen dass mir keng Luusserten wiëlen.
Zum Beispill Leit, déi de röuden Teppech äusrullen fir « Geschäftsleit » a Banken, deenen hire Geschäftsmodell éischter äusgesäit wéi wann deen am Hannerzëmmer vum Bar de la brise de mer entstaan wiër. An nët an engem schicken Frankfurter Héichhäus.
Ët bleiwt just ze hoffen, dass spéider keen äus der Politik an d’Tuddelen geréit an herno probéiërt, sech hannert sengem klénge Fanger ze verstoppen, wann een oder eng JournalistInn vun internationalem Format eng Fro stellt.
Mir als anscheinend neurodégénérativt Stëmmfleesch géifen virun allem gudd drun doën, wa mir Leit wiëlen déi färdeg denken kënnen an nët just alles « och » ugeduëcht hun.
Vill Kandidaten, Politiker an esouguër Minister hun awer och ganz gudd Idiën.
Wann déi awer dann awer vun eisen Verwaltungen duerchgeknaat sin, an dann nach eng Pabeierfarm mat där niëwendrun kollidéiërt, kënnt just daat eräus wat och bei eis noom Iessen eräus kënnt. Well di (on)praktesch Politik passéiërt an de Verwaltungen.
An da muss een nach mat den Parameteren vun der Madam Irma an hiren Woodoo spézialisten , dem Statec, Eurostat, WTO, EU, OECD, FMI a.s.w, rechnen.
Wann den « harcèlement administratif » een Delikt wiër, da géifen eis Geriichter zesummebriëchen. A mir missten nach weider Prisonge bauen. Ma dofir géife mir wuël keng Genehmegung kréiën.
A wann jo, da fënnt den Caius Pupus eng Ursaach, firwaat dee nët därf opgemaach ginn. Well irgendzwöuch huët jo bestëmmt een Ziëdel oder e Kräiz an enger Case gefeelt.
Ziëdel ? Kräiz ? Case ? … Ugeduëcht !