Aktuell geet vill riets iwwert den historesche Patrimoine an de Lëtzebuerger Uertschaften, an oft denkt een dobäi un erhalenswäert Gebaier. Eis Gemengen hunn awer och en anere wichtege Patrimoine, an dat sinn hir Archiven.

D‘Geschicht vun enger Uertschaft, vun hire Bierger an och vun hire Gebaier, kann een ouni e fräien Zougang zu Gemengenarchiven net schreiwen! Leider gëtt et ëmmer méi schwiereg, fir déi Geschicht a verschiddene Gemengen ze recherchéieren. Dat läit op der enger Säit um schlechten Ëmgang mat den Dokumenter, déi deelweis a Kelleren oder op Späichere muuschten, an op der anerer Säit un Persounen déi muttwëlleg vereenzelt Dokumenter mee awer och als Beispill Gemengerotsregëstere matgoe loossen.

Säit 2018 hunn mir en Archivgesetz dat probéiert deem entgéint ze wierken. Et schreift  ënnert anerem vir, dass Gemengen hir Archive fräi zougänglech musse maachen.

Vereenzelt Gemengen hunn säit laange Joren en funktionellt Archiv, anerer schaffe säit 2018 fläisseg drun, andeems se Archivisten astellen oder mam Nationalarchiv zesummeschaffen. Leider interesséiert sech awer eng grouss Majoritéit vun eisen 102 Gemengen am Land net fir dëse wichtege Patrimoine.

Esou kënnt et, dass vill Gemengen net wësse wat se iwwerhaapt un Archiven hunn. En anstännegen Tri gëtt och oft net gemaach. Dokumenter déi als onwichteg jugéiert ginn, lande spéitstens dann am Drecksbac wann ee Platz fir en neie Büro brauch, an Dokumenter déi als erhalenswäert gëllen, gi meeschtens schlecht konservéiert a leien an iergendwellechen Tiräng oder Schief.

Natierlech hunn eis Gemenge vill aner Suergen an déi ginn an dësem Waljoer och heefeg ugeschwat, mee a ville Gemenge vergiessen d‘ Politiker, dass en gutt gefouert Archiv dat laangfristegsten ass, wat eng Gemeng ka bidden. Wann iech äre Virfaren hir Geschicht wichteg ass a wann der wëllt, dass är Nofueren sech eng Iddi kënne maachen, wéi mir haut liewen, wat eis Problemer sinn a wéi mir probéieren se ze léisen, dann ëmfrot iech mol wéi et an ärer Gemeng mam Archiv steet.