D’Welt vun haut ass e Produkt vun eiser Intelligenz.

Mam Resultat, dat mir op eng ekologesch Katastroph histeieren, d'Ressourcen vun der Welt net duer ginn fir eise Liewensstandard ze erhalen an dat Kricher ersat ginn duerch nach méi Kricher. Dobäi kënnt dass mer deemnächst eist Wëssen an Handelen un Maschinnen, u kënschtlech Intelligenz weider wäerte ginn. An awer geet et eis zu Lëtzebuerg richteg gutt! Wéi soll e jonke Mënsch sech do erëmfannen? Misst en net mi laang an d'Schoul goen fir dat alles ze verstoen ?

Léieren fir ze liewen

Fir eng Welt ouni Misär, e sëchert Liewen am Wuelstand, duerfir gi mir an d’Schoul. An der Schoul soll e fir d’Liewen léieren oder besser nach: se soll eis liewe léieren. Nëmmen esou kann de Mënsch iwwerliewen, grondsätzlech a laang, vill méi laang wéi e jonken Elefant oder e schlauen Fuuss. Di zwee lescht hunn et ë bëssen mi einfach. Si brauchen keen Diplom, keng Perspektiven an och keng richteg Astellung oder de Wëllen fir ze léieren. Si maachen dat wat se musse maachen just fir hiert Iwwerliewen, net wéi mir, fir e Liewen dat glécklech an erfëllt ass - esou wéi mir dat geléiert ginn.

Erfarunge maachen, Liewe léieren

Dat d’Schoul néierens perfekt fonctionéiert, wësse mir. D’Welt ännert einfach méi séier wéi d’Schoul. D’Reformitis an de Bildungssystemer ass dowéinst eng politesch Konstant ginn, op der ganzer Welt an och zu Lëtzebuerg. D’Flucht no Vir war nach ni esou present wéi an der Läscht. Wetten dat dat Ganzt virun de nächste Walen nach emol viru gebaatscht gëtt? Mir iwwerdribbelen eis permanent selwer mam Ziel et nach besser ze maachen. De Bléck no hannen, verstoen wou mir hier kommen, fir Wäerter déi liewenswäert sinn net ze vergiessen – dee Bleck no hannen intresséiert keen! Den Elefant an de Fuuss hunn et do méi einfach. An dann loossen déi politesch Spillreegelen engem keng Zäit fir iwwer d’Nues eraus plangen an handelen ze kënnen.

Kee politeschen Aktivismus

Vill Schüler halen an der Schoul op ouni en Diplom an der Täsch ze hunn - an dëser Welt ass dat net gutt! Also musse mir hinne weider Méiglechkeete ginn. An do passt de klassesche Schoulsystem net. Also brauche mir Alternativen. Schlau wéi mir sinn gi nei Servicer, Fondatiounen oder asbl’en geschaf, fir - oppassen! - dat nämmlecht ze man, just ë bëssen anescht! Also d’Schoul, awer honndrëms d’Schoul an an dësem Fall dann och nach méi laang a bestëmmt och méi deier. Et ass genee do wou de Schong dréckt!

De fréieren Direkter vum Lycée vun Iechternach huet Recht fir ze behaapten dat Schüler déi net méi an d’Schoul ginn, solle schaffe goe kënnen, well déi beschte Schoul vun der Welt ass déi, déi engem erlaabt, d’Liewen an der Welt kennen ze léieren. Dat muss net onbedéngt an der Schoul sinn, dat kann och op der Schaff sinn. Schued dat keen dem Direkter nogelauschtert huet, wéi en nach net an der Pensioun war.