Wat mécht de Minister Jean Asselborn no deene nächste Walen?

Den Minister Georges Engel sot am RTL Background am Gespréich vum 22. Abrëll, dass hie Spëtzekandidat fir d’LSAP am Süde nëmme géif ginn, wann de Jean Asselborn dat net méi wéilt maachen.
Et muss een sech konkret d’Fro stellen, ob de Jean Asselborn nach mat an déi nächst Wale geet a falls jo, mat wéi engem Ziel.
Et schwätzt nämlech quasi alles dogéint, dass hien an där nächster Regierung nach Ausseminister bleift:
- Szenario A: D’Paulette Lenert gëtt Première Ministre. An deem Fall kritt traditionell e Koalitiounspartner den Ausseministère.
- Szenario B: Eng aner Partei stellt de Premier Minister an d’LSAP gëtt zweetstäerkste Partei an enger Koalitioun. An deem Fall huet normalerweis d’Paulette Lenert als Spëtzekandidatin d’Virrecht op de Poste vum Ausseminister, wann dee si interesséiert. Vu de Prestige vun deem Posten (traditionell deen zweetwichtegsten an enger Regierung), ass dovun auszegoen, dass si dee Poste géif unhuelen. Déi vill Kriticken, déi si als Gesondheetsministesch notamment vun der AMMD ze héiere kritt, dierften si zousätzlech encouragéieren, een aneren, traditionell méi héich gestallte Ministère unzehuelen.
- Szenario C: D’LSAP ass net méi an där neier Regierung vertrueden.
An deenen 3 Szenarien bleift den Jean Asselborn net Ausseminister.
Dohier d’Fro: wat huet hien an deem Fall wëlles ze maachen?
a) en anere Ministère iwwerhuelen, falls d’LSAP an der Regierung bleift?
b) an d’Chamber sëtze goen, wéi dat z.B. den Dan Kersch gemaach huet, nodeems hien als Minister opgehalen huet? (Mat enger Ministeschpensioun plus engem Deputéiertegehalt dierft hien bei ca. 20.000-25.000€ de Mount leien a wesentlech manner Stress hunn.)
c) sech ganz aus der Politik zréckzéien a seng Pensioun genéissen?
Vu dass de Jean Asselborn 2013 an 2018 vun Zéngdausenden vu Leit gewielt gouf, wier et wichteg a richteg, dass hien a seng Partei Stellung zu dëser Fro huelen an de Wieler kloer soen, wat hien no de Walen wëlles huet. (Nëmme sou kann de Wieler wëssen, ob seng Kräizer niewt dem Numm “Jean Asselborn” net herno verpuffen.)
Dës Fro ongekläert ze loossen, wier net fair vis-à-vis vum Wieler.
Vic Dupont
(parteilos)