Déi nei Verfassung ass ukomm

Elo, wou jiddereen am Land misst di nei Verfassung, déi den 1. Juli 2023 a Kraaft trëtt, a seng Bréifkëscht kritt hunn, géif ech mir als Bierger vun dësem Land d’Recht eraushuelen, fir e Puer Gedanken duerzou ze äusseren.
ART. 3
Am Art. 3 steet: "La souveraineté réside dans la Nation dont émanent les pouvoirs de l’État."
Dat ass di eenzeg Kéier, wou am ganzen Text d’Wuert "Natioun" steet. Fir elo erauszefannen, wat mat "Natioun" gemengt ass, muss een an den Exposé des motifs vum Projet de loi N° 7700 vum 29.12.2020 kucke goen. Do gëtt een da gewuer, dass een de Begrëff "Nation" sollt an engem breede Sënn verstoen ("dans un sens large"), well deen haut géif "largement" an dee vu "peuple" (Vollek) iwwergoen oder sech mat deem Begrëff vermëschen ("se confond avec"). Oder vläicht vereenen? Méi onkloer ass et wuel net gaangen. Loosse mer dann emol unhuelen, et hätt ee wëlle soen: "D’Natioun ass d’Vollek". Da kënnt natierlech hannendrun d’Fro: "Wat ass mat Vollek gemengt?".
Well jo vun der Natioun d’Staatsgewalten ausginn (Art. 3), muss een dann dervun ausgoen, dass d’Vollek deen Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ass, dee bei den Nationalwale Stëmmrecht huet. Also besteet d’Vollek net aus der Populatioun vum Land, mä aus de Staatsbierger. Also ass Lëtzebuerg eng "Staatsbiergernatioun". Dat ass jo scho besser ewéi eng ethnesch oder vëlkesch Natioun baséiert op d'Bluttverwandtschaft, ass awer trotzdeem wéinst eiser ganz spezifescher Populatiounssituatioun problematesch. Ëmmerhi liewen zu Lëtzebuerg 367.092 Persounen, déi eng aner Nationalitéit hunn ewéi déi lëtzebuergesch, dat si ronn 57% vun der Populatioun (Stand 1.1.2022). Do sinn natierlech déi 62.925 Leit, déi méi ewéi 1 Nationalitéit hunn, mat agerechent. Duerch d’Mesure vun der duebeler Nationalitéit hu mir et bis elo fäerdeg bruecht, fir den Auslännerundeel un der Gesamtpopulatioun knapp ënner 50% ze halen.
ART. 62
Dann nach e Puer Wierder iwwer den Artikel 62, also deen Artikel, dee festleet, wien vun eisem Parlament vertruede gëtt. Mat Satisfaktioun stellen ech fest, dass déi al Formule „D’Chamber vertrëtt d’Land“ bäibehale ginn ass. Well et war jo ee Moment an der Diskussioun fir d’Wuert „Land“ duerch „Natioun“ ze ersetzen. Och wann d’Auslänner net däerfe wiele goen, mä just "largement" däerfen eisen ekonomeschen, sozialen, kulturellen a sportleche Räichtum schafen, sollen awer wéinstens hir Interesse vun den Deputéierte kënne vertruede ginn. Se missten et eigentlech, well am Art. 62 och nach steet, dass d’Deputéierten ouni Récksprooch mat hire Wieler ofstëmmen a just d’Allgemengwuel vum Land dierfen a Betruecht zéien.
Leschte Punkt: wann eng bestëmmte rietspopulistesch Partei sech net traut, zu Lëtzebuerg wéinst der enormer „ethnescher“ Vermëschung vum Vollek (also vun der "Natioun"), vëlkesch Theesen ze vertrieden, gëtt et aus hirem Versuch, d’Natioun op eng „1-Sproochennatioun“ ze reduzéieren, och näischt. Firwat? Ënner anerem, well haut eng ganz grouss Zuel vun Neo-Lëtzebuerger, déi awer Stëmmrecht hunn, d’Lëtzebuerger Sprooch guer net ka schwätzen an net versteet!
Fazit: Lëtzebuerg ka keng ethnesch Natioun sinn a Lëtzebuerg war, ass a bleift eng multilingual Natioun an e multilinguaalt Land. Vläicht hu mir, déi d’Walrecht hunn, dann iergendwann de Courage, déi MULTINATIONAL Realitéit vun eisem klenge Land unzëerkennen, a sengen Awunner, onofhängeg vun Nationalitéit, ënner bestëmmte Bedingungen och d’Recht zouzëerkennen, fir iwwer d’Weiderentwécklung an d’Zukunft vun dëser eenzegaarteger "Schicksalsgemeinschaft" matzebestëmmen.
Mil Lorang