Apropos „Parkraumstrategie zu Lëtzebuerg“

Anscheinend hunn Politiker elo kuerz virun de Gemengewalen endlech bekäppt, dass et an eenzelen Uertschaften hei am Land en immensen Parkraumproblem gëtt.
Wann déi betraffen Bierger sech bei hiren Gemengen doriwwer beschwéieren dass laanscht hiren Stroossen ëmmer méi Autoen vun „Laangzäitparker“ stinn, „dubios Autosverkäfer“ hier Wuer ausstellen oder Autoen aus der Nopeschuertschaft ofgestallt ginn well d’Parken do schon laang net méi gratis ass fir déi déi keng Awunnervignette hunn, dann gëtt een meeschtens un „Ponts & Chaussées“ weidervermëttelt, déi wieren dofir zoustänneg. Rifft een do un, kritt een gesot „fir esou ee Problem ass Är Gemeng zoustänneg“… an esou bäisst Schlaang sech dann an de Schwanz!
Et gëtt emmer méi problematesch säin Auto virun senger eegener Dier ze stationéieren, zeguer Garagenafaarten ginn hemmungslos zougestallt, an Polizisten sollten jo wierklech besseres ze dinn hunn wéi rosen Bierger ze berouegen déi beim beschten Wëllen net méi wëssen wou si hieren Auto sollen ofstellen.
Dëst ass besonnesch fir eeler oder behënnert Awunner problematesch. Ma net nëmmen fir déi. Wann een schonn nëmmen de Réck wéi huet, ass et keng Freed d’Akeef aus dem Supermarché XY en hallwen Kilometer mussen heemzeschleefen. Dofir huet een sech jo schlisslech en Auto zougeluecht, fir sech d’Liewen méi kamoud ze maachen, méi liicht an méi séier vun A no B ze kommen (naja, dat ass en anert brisant Thema), an emmer mobil ze sinn.
Et ass ewell esou schlëmm, z.B. bei eis zu Käerjeng op der Bomecht, dass ech nach just Sonndes moies akafen ginn (wat ech wierklech net wëll well ech fannen dass Personal vum Supermarché och e fräien Sonndeg verdéngt huet). Ma wann ech an der Woch mäin klengen 500 virun der Dier och nëmmen 10 Minutten ewechhuelen, ass Plaatz fort, an meeschtens fir de ganzen Dag, well d’Bomecht mat engem „Park & Ride“ verwiesselt gëtt an d’Autoen ongenéiert 8-10 Stonnen virun den Dieren vun en Awunner stoen gelooss ginn, och wann se deelweis Garagenafaart blockéieren.
A propos Garage, déi kënnen mir schonn laang net méi benotzen, well et mat deem Trafic deen bei eis ass et onméiglech ass ouni Schued aus der Garage erauszekommen. Och déi Erfarung hunn mir méi wéi emol gemaach.
Mir kënnen also nëmmen hoffen dass dann och zu Käerjeng (egal wéi eng Koalitioun no de Walen do um Rudder ass) de Bierger hier alldeeglech Problemer endlech eescht geholl ginn an esou séier wéi méiglech eppes Konkretes ënnerholl gëtt.
P.S. De Contournement, egal wéi eng Variant, bréngt fir d’Bomecht weder eng Berouegung vum Verkéier mat sech, nach léist en de Parkraumproblem !!!
Christiane Kutten-Serafini