"E grousse Merci menger Haus-Fra"

Et ass net fir d’éischt an et wäert och net fir d’läscht sinn, datt - meeschtens - e Mann, senger Fra Merci seet, datt si him de Réck fräi hellt, fir datt hie seng Carrière ka maachen.
Ech hunn dat dës läscht alt erëm vun engem Politiker op Facebook gelies. D'Kandidaten si jo lo virun de Walen nach méi oft net doheem wéi soss an engem ‘normalen’ Joer. Hei gëllt et keng Versammlung, keen Event, kee Fussballmatch, keng Aweiung ze verpassen. Den een wëll mat op d’Foto, fir mol bekannt ze gin, den aneren fir bekannt ze bleiwen. Hänn rësele, op d’Schëller klappen, felicitéieren, de Kolleeg vun der Lëscht virstellen, e Patt mat drénken. Bis zum allerleschten Punkt vun der Dagesuerdnung vun all Generalversammlung bleiwen, a wa méiglech dono och nach am Stoen dësem an deem nolauschteren an versichen zur Dir eraus ze kommen, an alt erëm spéit owes doheem op den Zéiwespëtzten an d’Schlofzëmmer schläichen fir nëmme keen am Haus, a besonnesch net d’Kanner, ze erwächen, ouns virdrun nach e Maufel aus dem Frigo huerteg eragefeiert ze hunn.
Wann dono aus dem Kandidat e Buergermeeschter oder Schäffe gëtt, ass a sengem Politikerliewen nach manner Rou a Fräizäit. Versammlungen vun der Partei, an och rëm Versammlunge vun den Veräiner, sinn owes, fänke mol méi oder manner spéit un, an halen mol méi oder manner spéit op. An da komme nach déi aussergewéinlech Saachen dobäi, en Hausbrand nuets, eng Iwwerschwemmung mat vollgelafene Kelleren, asw. wou d’Präsens vum politesch Responsabelen gefuerdert ass. Ech wetten, ech hu nach sou munches vergiess.
An dat geet nëmmen, well doheem eng Fra, op lëtzebuergesch gesot, de Buttek schmäisst an alles an der Riicht hält. Si ass Hausfra a Mamm, oder ëmgedréint, jee nom Alter an der Gesondheet vun de Kanner - plus de Bedierfnesser vun de Grousselteren.
Kann een e politescht Mandat, mat zousätzlech engem Beruff, an enger Partnerin, déi ‘och’ schaffe geet, an Kanner déi och mol krank gin, iwwerhaapt ausüben?
Wat verlaange mir Biergerinne a Bierger vun eise Politiker an hire Familljen ? Si mir eis bewosst wat si alles fir eis leeschten, wourop si verzichten ?
Work-Life-Balance an eng 4 Deegwoch verlaange der vill. De Politiker huet eng 7 Deegwoch mat esou em déi 70 oder 80 Stonnen ? Geet seng Fra och schaffen an hir bspw 2 Kanner gin an d’Crèche oder d’Maison relais. Do däerfen d’Kanner awer ni krank gin, d'Mamm och net. Dat schmäisst si mat de Grousselteren als Aushëllef, soulaang déi net och hirer Hëllef brauchen. Also dann awer léiwer "nemmen" Hausfra a Mamm ? Ech héiere schonn d’Awänn: aner Leit gin och zu 2 schaffen, net jidderee huet eng gereegelt Aarbechtszäit. A wann et dene Politiker net passt, si gi jo net gezwongen dat ze maachen.
An do si mir um wonne Punkt ukomm. Et muss tatsächlech keen "an d’Politik goen". Wéi wouer, an et gin hirer jo och nëmme wéineg déi jéimeren - soulaang een, meeschtens d’Fra, dat Liewe matmécht, Hausfra ass, mat alle Konsequenzen, wéi zbsp enger klenger, oder guer kenger Rent.
Et gin der awer déi ophalen, an et gin der ëmmer méi, déi guer net ufänken. E puer Gemengen hu grad mol de Quorum vu Kandidaten erreecht an et gëtt do guer net gewielt. Komplett Lëschte zesummen ze kréien, war scheinbar dëst Joer esou schwiereg wéi nach ni, verzielen unisono all gréisser Parteien.
Gett et da Léisungen ?
Et kéint en versichen déi Aarbecht an deemno och den Zäitopwand, de net reng "politesch" ass, dem politesche Mandatär ewech ze huelen. Muss de Buergermeeschter bspw bei engem Späicherbrand vun engem Haus a senger Gemeng, onbedéngt dem CGDIS bei hirer Aarbecht nokucken, an dann decidéieren, datt d‘Awunner vum Haus sollen anzwuersch anescht ënnerbruecht gin. Den Chef de corps vum Asaz bemierkt déi Noutlag och, a kéint dat och selwer de Moment op der Plaz entscheeden. Et kéint e sech awer och eng Gemengebeamteplaz virstellen, e "service d‘urgence" den bei esou Virfäll op der Platz mat der néideger Autoritéit a Kompetenz déi noutwendeg Schrëtt géif an de Wee leeden. Dëse "service d‘urgence" kennt och bei anere urgente Fäll, a sief et nëmmen, e Relogement aus enger ‚"insalubrer" Wunneng decidéieren an duerchféiere (loossen), oder d‘Ennerbréngung vun enger geschloener Fra mat hire Kanner an enger "Gemenge-Wunneng" wann et (nach) kee Fraenhaus an der Gemeng sollt gin.
Déi politesch Verantwortlech, solle sech em dat "politescht" këmmeren, dat administratiivt sollen administrativ Beamten ausféieren. Wann an enger Gemeng ëmmer méi Leit wunne kommen gesäit en verschidde Noutwendegkeeten déi doraus quasi automatesch entstinn. Dofir brauch e kee Politikersachverstand mee en Gemengeservice, mat Architekte- an aner Planungs-Kenntnisser. Méi Awunner, méi Waasserverbrauch a Waasserooflaaf, ergo besser a méi grouss Canalisatiounsréier duerch d‘Strossen, méi Awunner, méi Kanner, ergo méi Crèchen, Maison relais‘en, méi Grondschoulen, méi Jugendhaiser, méi Sportinfrastrukturen, asw. a jeeweils méi Personal. Muss en dofir en "ausgebilten Politiker" sin fir dat ze gesinn, ze plangen an (och finanziell) duerchzeféieren ? D‘Politik bestëmmt den Awunnerzouwuess, de Rescht ass administrativ- an techneschen know-how. De Budget opstelle wär dann och d‘Aarbecht vun engem Gemengen comptabilitéits service, sou wéi och de contrôle ex-post, eben vergläichbar mat der Aart a Weis wéi staatlech Servicer an Administratioune gefouert gin. De Problem vun der (politescher) Buergermeeschter Responsabilitéit bei eventuellen Frauden, wär vum Dësch.
Esou eng konsequent, an alle Gemengenberäicher, Entschlakung vum Administrativen hin zum reng Politeschen, (vergläichbar mat der allsäits gefuerderter Reform vun der Police Aarbecht, manner Administratiivt fir méi Präsens um sougenannten "Terrain") géif dat Politescht opwäerten, an dat Administrativt an dofir geschoulten Hänn iwwerginn.
Géifen domadder méi Gemengebeamten gebraucht, villäicht, villäicht och net, mat enger Zesummeleeung vun den verschiddene Posten aus verschidde Gemengen, engem ausgebauten SIGI bspw fir des nei Gemengenaufaben oder wéi den Service och géif genannt gin, oder am Inneministère eng nei ‚"Cellule". An egal, et géif de Gemengepolitiker an hirem Famill- an Aarbechtsliewen, zegutt kommen.
Eng Persoun, déi hir politesch Iddien gären konkret ëmgesat hätt, bräicht keng Angscht ze hunn, de Gesetzer a Reglementer net gewuess ze sinn, oder villäicht souguer perséinlech responsabel gemaach ze gin.
Endlech géife sech d’Politiker*inne em Politik këmmeren. Et wär Zäit do fir nei politesch Iddien, Utopien, Ausernanersetzungen, Entwërf, asw., aplaz stonnelaang Gemengerotssëtzungen, fir sech iwwer e Bauplang ze bécken. Dat ass den Job, opgrond vun hirer Schoul- a Liewenskenntnis, vun engem gemengen eegene Planungs- an Entwécklungs Bureau/Service, a net vun kenntnislosen, scheinbar awer "allwëssenden" Politiker. Wetten, dass dann déi vill beschworen Biergerbedeelegung, sech géif an den Zuelen vu neie Memberen vun de Parteien néierschloen. Awer nëmmen, wann dës nei Zort Politik sech awer och am Alldeeglechen géif änneren.
Beispillsweis …
Gemengerotssitzungen géifen sech dann och net méi mat der Astellung vu Schoul- oder Jugendhauspersonal bspw beschäftegen, a d'Politiker dono virgeworf kréien hei wär politesche Favoritismus ausschlaggebend wien d‘Platz kritt hätt, well dat elo dem "service ressources humaines" seng Aarbecht wär. Onnëtz Zäitvergeudung wär och gespuert wann do keng "règlements temporaire de la circulation" géife geholl gin, wa bspw den Tour de Luxembourg duerch d‘Uertschaft géif fueren, oder fir eng Woch eng Strooss misst gespaart gin, well do de Kanal nei geluecht gëtt, well firwat brauch en dofir d'geballte Kompetenz vun engem ganzen Gemengerot ?
An elo zu den Versammlungen, ob vun engem Veräin, oder der Lokalsektioun vun der Partei. Wann een esou Versammlungen vu vireran op 2 Stonne begrenzt, da faasst jidderee sech kuerz a schwätzt dat Wesentlecht. Et ass och méiglech eng Formatioun ze kréien, wéi en esou eng Versammlung leed, ouns datt ee sech iwwergang fillt. Vun owes 7 bis 9 zBsp, dat ass net ze fréi fir unzefänken, a net ze spéit fir op ze halen. Jo, an begrënnten Ausnamen bestätege d‘Regel. Et kann ee da senge Kanner nach Gudde Nuecht soen, an d‘Partner*in schléift net scho fest wann een heem kënnt.
Presenz markéieren op bspw Generalversammlunge, kann een als Gemengerot och zesummen ( Majoritéit mat Oppositioun) plangen. Mol geet den een dohin, mol dat anert, an all kéiers gëtt dono e schrëftleche oder mëndleche Rapport, spéitstens an der näxten Gemengerotssëtzung gemaach. Wann dës Kollegialitéit net méiglech ass, da kann dës Aart a Weis wéinstens ënnert der Majoritéit praktizéiert gin. Mol geet d‘Buergermeeschtësch, mol den éischten oder den zweeten Schäffen. Wann een no de Walen dat a senger Untrëttsried alle Veräiner seet, da wäerte si och Versteesdemech fir déi politesch ‚work-life-balance‘ hunn. Datt vill Versammlungen a "geschäftlech" Reunioune per Videokonferenz kënne gehale gin, ass gewosst a verhënnert onnéidegt op d‘Platz Gerenns an Zäitverloscht.
Sinn dat Léisungen fir en politescht Engagement, wat d‘Familljeliewen net futti mécht, wat de Saz „ech soe menger Fra Merci datt si mir de Réck fräigehale huet“ onnéideg mécht, wat villäicht souguer en gemeinsaamt Engagement vun denen zwee méiglech mécht, wat eng politesch Carrière op Käschten vun der „Hausfra a Mamm“ definitiv zréck an den Eck vum Ufank vum 20ten Joerhonnert verbannt ?
Egal wéi, dat Gefasels vun Emanzipatioun, vum emol am Joer „care Aarbecht“ Slogan, vun Gejéimers „mir fanne kee Nowuess“, kann ech net méi héieren. Wa meng Iddien net ëmsetzbar sin, da géif ech awer gären, Är (well heeschen, Politiker*inne an Veräinspresident*inne) Virschléi héieren. Et sief, dir gefält iech gutt an dem Liewen, nom Motto "dat hu mer nach ëmmer esou gemaach, oder dat hu mer nach ni esou gemaach" an dir hutt guer keng Loscht eppes ze änneren ... zu Ongonschten, behaapten ech, vun Ären „Léifsten“, an zu Gonschten vun Ärem Ego.
P.S.: Ech sinn a war ni Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller. Ech hunn awer d'Liewen, de Frust (och mol d'Freed, natierlech) vun Gemenge- a Schäfferéit matkritt. Mir kënnt hiert Liewen, mat vill oder manner "congé politique", och egal sinn. Net egal ass mir säit laangem, déi Ausbeutung vun der Gesondheet an der "work-life-balance" vun eisen Gewielten an hiren Famillen. A scho guer net egal ass et mir, dass duerch déi "ongesond" Liewensorganisatioun, ëmmer manner Jonker sech politesch wëllen engagéieren (an et och bleiwen). Well dat ass och "ongesond" fir eis Demokratie.
Jean Lichtfous (Bridel)